Kritik um brittesche Premier wiisstMuss de Keir Starmer demissionéieren?

RTL mat AFP
A Groussbritannien fuerdere méi wéi 70 Deputéierter vun der Labour-Partei de Récktrëtt vum Premier Keir Starmer. En Dënschdeg de Moie steet eng Chamberssëtzung um Programm, déi hëtzeg gi kéint.
(FILES) Britain's Prime Minister Keir Starmer reacts as he prepares to leave the Elysee Presidential Palace in Paris on April 17, 2026.
© POOL/AFP/

No de schlechte Resultater vu senger Labour-Partei bei de rezente Gemengen- a Regionalwale wiisst den Drock op de brittesche Premier Keir Starmer. Bis e Méindegowend hu sech méi wéi 70 Labour-Deputéierter géint de Regierungschef gestallt an hu säi Récktrëtt gefuerdert. Wéi brittesch Medie mellen, hätten d'Ausseministerin Yvette Cooper an d'Inneministerin Shabana Mahmood de Starmer dozou opgeruff, fir e geuerdente Muechtwiessel ze suergen.

Véier Regierungsmataarbechter hu bis elo schonn aus Protest géint de Premier hire Récktrëtt annoncéiert. De Starmer hätt d'Partei reforméiert, sot ee vun deenen d'Persounen, déi fréier Mataarbechterin Melanie Ward. D'Botschaft vun de Wale wier kloer: "De Premierminister huet d'Vertraue vun der Ëffentlechkeet, dëse Wandel unzeféieren, verluer."

Fir eng parteiintern Ofstëmmung iwwert eng Ofléisung vum Starmer missten 81 vun den am Ganze 403 Labour-Deputéierten dem Premier d'Mësstrauen ausschwätzen. A brittesche Medie ginn déi fréier Vize-Regierungscheffin Angela Rayner oder de Gesondheetsminister Wes Streeting als méiglech Kandidate gehandelt.

Bei de Walen en Donneschdeg an England, Schottland a Wales hate souwuel déi rietspopulistesch Partei Reform UK wéi och déi Gréng zougeluecht, wärend Labour och an den Héichbuergen honnerte vu Sëtz verluer huet. De Starmer steet dowéinst elo massiv ënner Drock.

"Ech weess, datt d'Mënsche frustréiert sinn iwwert den Zoustand vu Groussbritannien, frustréiert sinn iwwert d'Politik, an e puer Mënschen och frustréiert sinn iwwert mech", huet de Starmer e Méindeg selwer gesot. "Ech weess, datt et Mënsche gëtt, déi u mir zweiwelen an ech weess, datt ech hinnen de Géigendeel beweise muss - an dat wäert ech", heescht et weider.

"Schrëttweis Verännerunge" géifen en vue vun der grousser Onzefriddenheet bannent der Bevëlkerung net méi duergoen. Seng Regierung wéilt dowéinst eng "ëmfaassend Äntwert" ginn. De Starmer huet Verbesserungen duerch méi enk Relatioune mat der EU an Aussiicht gestallt a Moossnamen an der Energie- a Wirtschaftspolitik annoncéiert, dorënner och ee Gesetz fir eng komplett Verstaatlechung vum Stolkonzern British Steel.

En Dënschdeg de Moie fänkt un der Downing Street déi wëchentlech Chamberssëtzung un. Do gëtt elo mat Spannung erwaart, wéi et fir de Premier weidergeet an ob den Drock eventuell ze grouss ass, fir enger Demissioun nach kënnen aus dem Wee ze goen.

Back to Top
CIM LOGO