An der Nuecht op en Dënschdeg sinn am Süde vum Libanon no neien israeelesche Loftattacke sechs Mënschen ëm d'Liewe komm a siwe goufen der blesséiert. Dat trotz enger Wafferou, déi eigentlech zanter dem 17. Abrëll gëllt. Wéi déi staatlech libaneesesch Medie mellen, gouf an der Nuecht en Haus zu Kfar Dounine, enger Stad ronn 95 Kilometer wäit vun der Haaptstad Beirut fort, beschoss. Déi blesséiert Persoune goufen a Spideeler an der Küstestad Tyre bruecht.
Méi wéi 2.800 Mënsche goufe bis elo am Libanon Affer vun israeeleschen Attacken, zanter datt d'Land den 2. Mäerz 2026 an de Konflikt am Noen Osten eragezu gouf. Viru kuerzem huet déi libaneesesch Regierung den US-Ambassadeur opgefuerdert, déi israeelesche Attacke wärend der Wafferou ze ënnerbannen, bis elo awer ouni Wierkung.