Eskalatioun zu Ankara an der TierkeiBüroen vun Oppositiounspartei CHP goufe vu Police gestiermt

RTL Lëtzebuerg
Dem Parteichef Özgur Özel säin ëmstriddene Virgänger gouf virleefeg als neie Parteichef vun der CHP ernannt.
Den Özgur Özel, Parteichef vun der CHP
© ADEM ALTAN/AFP

D'Police huet e Sonndeg d'Büroen vun der gréisster tierkescher Oppositiounspartei CHP gestiermt. De Parteichef Özgur Özel hat sech mat anere Memberen a Mataarbechter an der Parteizentral verschanzt. Do virdru war hien an engem ëmstriddenen Geriichtsurteel als Chef vun der CHP ofgesat ginn.

Hie kritt reprochéiert beim Kongress 2023 Leit bestach ze hunn, fir fir hien ze wielen. Säin ëmstriddene Virgänger gouf virleefeg als neie Parteichef ernannt. Doropshi huet den Özel sech am Gebai agespaart, dat d'tierkesch Police elo gestiermt huet an dobäi Tréinegas a Gummi-Patrounen agesat huet.

Back to Top
CIM LOGO