Presidentschaftswalen a FrankräichRietspopulist Jordan Bardella läit a Sondage däitlech vir

AFP, iwwersat vun RTL
A Frankräich läit den 30 Joer ale Rietspopulist Jordan Bardella an enger Ëmfro zu der Presidentschaftswal däitlech vir.
In Frankreich liegt der 30 Jahre alte Rechtspopulist Jordan Bardella in einer Umfrage zur Präsidentschaftswahl deutlich vorne.
De Rietspopulist Jordan Bardella läit engem rezente Sondage vum Februar 2026 zu der Presidentschaftswal no däitlech vir.
© AFP/Archiv

De Chef vun der rietspopulistescher Partei Rassemblement National (RN) kéim an der éischter Ronn op 36 Prozent, wéi aus engem Sondage vum Ifop-Institut ervirgeet. Op dee Wäert kéimt hien onofhängeg dovun, wéi ee vun den aktuell gehandelte Kandidate fir d’Regierungspartei untriede géing. Am Moment gi jo de fréiere Premier Edouard Philippe a säi Successeur Gabriel Attal als Kandidate d’Regierungslager gehandelt.

D’RN-Fraktiounscheffin Marine Le Pen kann nëmme kandidéieren, falls si an engem Appellsprozess wéinst Korruptioun, deen aktuell leeft, eng däitlech méi mëll Strof kritt. Si kéim dem Sondage no an der éischter Ronn - jee no Géigekandidat - op 34 oder 35 Prozent. De aktuelle President Macron dierf no zwou Amtszäiten net direkt nees untrieden.

Den Edouard Philippe kéim der Ëmfro no als méigleche gemeinsame Kandidat vun der Mëtt-Riets op 16 Prozent, wärend den Attal tëscht zéng an eelef Prozent vun de Stëmme kréie géing. Den erkläerte Kandidat vun de Republikaner, de Bruno Retailleau, läit tëscht zéng an zwielef Prozent.

Am lénkse Lager kéim de Jean-Luc Mélenchon, Chef vun der lénkspopulistescher Partei La France Insoumise (LFI), op zéng bis eelef Prozent. De lénkse Kandidat Raphaël Glucksmann läit bei zéng bis zwielef Prozent. De fréiere President François Hollande, dee wuel och Ambitioune soll hunn, et nach emol ze probéieren, géing ënner aacht Prozent leien.

Fir déi representativ Online-Ëmfro goufen de 26. a 27. Februar knapp 1.400 agedroe Wieler befrot. D’Presidentschaftswal a Frankräich ass am Abrëll 2027.

De Bardella hat Enn Oktober e Buch mam Titel “Wat d’Fransouse wëllen” publizéiert an engagéiert sech aktuell am Gemenge-Walkampf. Zu senge politesche Prioritéiten zielen eng méi streng Migratiounspolitik an e Konfrontatiounscours mat Bréissel.

Back to Top
CIM LOGO