
Op Kuba ass op en Neits d’Stroumversuergung groussflächeg zesummegebrach. Och d’Haaptstad Havanna war e Mëttwoch vun der Pann an zwee Drëttel vum Land betraff. De staatleche Stroumversuerger UNE huet erkläert, d’Ursaach wier e Schued um Antonio-Guiteras-Kraaftwierk am Weste vu Kuba.
Kuba ass aktuell an der schlëmmster Wirtschaftskris zanter dem Zesummebroch vun der Sowjetunioun. Zanter Enn 2025 gouf et eng Rei landeswäit Stroumpannen, déi deels e puer Deeg gedauert hunn. Bal all Dag hunn d’Leit mat kuerze Blackouts ze kämpfen, déi ënnert anerem och iwwer 20 Stonnen daueren.
Kuba produzéiert säi Stroum an aacht vereelzte Kraaftwierker. Der Regierung zu Havanna no géing den US-Embargo géint den Inselstaat dozou bäidroen, datt dat aalt Stroumnetz net restauréiert kéint ginn.
Zanterdeem de venezuelanesche President Nicolas Maduro Ufank Januar bei engem US-Militärasaz festgeholl gouf, huet sech d’Situatioun zougespëtzt, well den US-President Trump d’Pëtrolsliwwerunge vu Venezuela u Kuba gestoppt huet. Méi spéit huet den US-Finanzministère d’Limitatiounen aus humanitäre Grënn gelackert.
Nieft stännege Stroumpanne maachen och eng héich Inflatioun souwéi Liewensmëttel- a Medikamentemanktem de Kubaner ze schafen.