Bouf vun Ayatollah Ali ChameneiModschtaba Chamenei méiglechen neie reliéise Leader am Iran

Ryck Thill
Nodeems de héchste reliéise Leader am Iran, den Ayatollah Ali Chamenei, e Samschdeg gestuerwen ass, soll säi Bouf de Modschtaba Chamenei säi Successeur ginn.
Modschtaba Chamenei méiglechen neie reliéise Leader am Iran
Nodeems de héchste reliéise Leader am Iran, den Ayatollah Ali Chamenei, e Samschdeg gestuerwen ass, soll säi Bouf de Modschtaba Chamenei säi Successeur ginn.

Datt de Krich am Iran sou séier eriwwer ass, wéi d’USA da soen, schéngt den Ament op alle Fall alles anescht wéi realistesch. No weideren Attacke vun den USA an Israel huet den Iran elo och den Nato-Member Tierkei mat enger Rakéit an d’Viséier geholl.

De Modschtaba Chamenei gëllt als méiglechen neie reliéise Leader am Iran. Hien ass de Fils vum Ayatollah Ali Chamenei, dee bei den Attacken ëm d’Liewe komm ass. Hien huet enk Bezéiungen zu de Revolutiounsgarden a gëtt zanter Joren als Nofollger gehandelt. Israel huet schonn erkläert, och en nei ernannte Leader wier e legitimt Zil.

Fir e Mëttwoch war zu Teheran eng Trauerzeremonie fir den Ali Chamenei geplangt. D’Zeremonie sollt owes ufänken an dräi Deeg daueren, gouf awer kuerzfristeg ofgesot. Well sech ganz vill Leit erwaart ginn, wëll een d’Trauerfeier besser virbereeden.

Gläichzäiteg hunn Israel an d’USA hir Loftattacken op d’iranesch Haaptstad weidergefouert. Zu Teheran waren nees Explosiounen ze héieren.

Aus dem Pentagon heescht et, datt zanter dem Ufank vum Krich bal 2.000 Ziler am Iran ugegraff goufen. Déi éischt 24 Stonne vun der Offensiv wieren duebel esou intensiv gewiescht wéi deen éischten Dag vum Irak-Krich 2003. Den US-Krichsminister huet eng weider Verschäerfung annoncéiert.

“They are toast, and they know it. Or at least, soon enough, they will know it.”
Pete Hegseth

“Mir sinn eréischt véier Deeg amgaang an d’Resultater si impressionant. Historesch esouguer. Nëmmen d’USA kënnen esou eppes ëmsetzen. A wann een nach d’israeelesch Arméi dobäirechent – eng militäresch Muecht mat enormer Force de frappe – da bedeit déi Allianz eng massiv Zerstéierung fir eis radikal-islamistesch Géigner am Iran. Si si praktesch um Enn, a si wëssen dat. Oder si wäerten et geschwë mierken”, esou den US-Krichsminister Pete Hegseth.

En U-Boot vun der US Navy huet am Indeschen Ozean eng iranesch Fregatt mat engem Torpedo getraff. Et ass déi éischt Kéier zënter dem Zweete Weltkrich, datt e feindlecht Schëff duerch en Torpedo versenkt gouf. Sri Lanka huet eng Rettungsaktioun lancéiert. Op d’mannst 30 vun 180 Crew-Membere konnte gerett ginn.

Den US-President Donald Trump huet dann och annoncéiert, d’Schëfffaart duerch d’Strooss vun Hormus mat Eskorten ofzesécheren. D’USA géife garantéieren, datt de Pëtrol weider fléisst.

Den Iran huet och e Samschdeg mat Rakéiten- an Dronenattacken an der Regioun reagéiert. Virum US-Konsulat zu Dubai gouf bei engem Dronenugrëff e Parking getraff, Blesséierter gouf et keng. D’Raffinerie am Emirat Fudschaira steet nom Ugrëff vun en Dënschdeg weider a Brand. D’Feier konnt nach net geläscht ginn.

An der Tierkei huet d’Nato eng ballistesch Rakéit ofgefaangen, déi aus dem Iran ofgeschoss gi war an an den tierkesche Loftraum agedrongen ass. A Syrien ass eng iranesch Rakéit an engem Feld gelant, ouni ze explodéieren.

Och am Libanon huet sech de Konflikt verschäerft. Israel huet nees Ziler vun der Hisbollah ugegraff a Buedemtruppen am Süde vum Land agesat. No libaneseschen Donnéeë sinn dobäi op d’mannst 50 Mënschen ëm d’Liewe komm, méi wéi 300 goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO