“D’Allianz tëscht de moderéierte Konservativen an der europäescher Mëtt bestäerken” - mat deem Objektiv war d’Presidentin vu Renew Europe, d’Valérie Hayer, e Mëttwoch op Besuch zu Lëtzebuerg. Déi liberal Europadeputéiert hat eng Entrevue mam Premier Luc Frieden an duerno en Iesse mat hirem Parteikolleeg, dem DP-Europadeputéierte Charel Goerens a Membere vun der Press. “D’geopolitesch Erausfuerderungen erfuerderen eng extrem kloer Linn op der europäescher Fro an de Choix vun eisen Allianzen”, esou d’Valérie Hayer. D’Riets-, mee och d’Lénksextrem géingen d’Spill maache vum Putin a vum Trump, déi Europa “systematesch ugräifen”. Si huet bedauert, datt de Chef vun den europäesche Konservativen, de Manfred Weber vun der EVP, Allianze mam EKR, dem Grupp vun europäesche Konservativen a Reformiste net ausschéisst.
Klengt ewéi wann déi Liberal zu Bréissel a Stroossbuerg vun elo un also keng Kompromësser méi mat de Rietsextreme wëllen acceptéieren oder agoen. De Charel Goerens huet deem natierlech zougestëmmt: ëmmerhin huet hien am Géigesaz zu anere Membere vu Renew, mee virun allem der EVP an de Rietsextremen, géint d’Verwässere vun der Liwwerkettendirektiv gestëmmt. De liberale Politiker aus dem Norde vum Land ass fir Vereinfachunge vun de Reegele, mee net wann dat mat Euroskeptiker geschitt. Hie favoriséiert Kompromësser mat der EVP, de Sozialdemokraten an déi Gréng.
Fir d’Valérie Hayer wieren d’Pro-Europäer déi eenzeg, déi “éierlech” wieren, fir de Leit Opportunitéiten unzebidden, fir Aarbechtsplazen ze schafen, fir d’Kompetitivitéit ze stäerken a fir den europäesche Modell vu Fräiheet ze schützen.
D’Rietsextrem probéiere mam Thema a Widderstand géint d’Migratioun ze punkten. Se ginn dobäi net just vum Putin a vun Techmiliardären ewéi den Elon Musk ënnerstëtzt, mee - ewéi d’Strategiepabeier vum Wäissen Haus et weist - elo och vum US-President. D’Valérie Hayer ass absolut averstan, datt et en Debat gëtt, mee si huet betount, datt d’EU scho virun de leschte Wale méi streng Mesurë géint déi illegal Migratioun decidéiert huet an nach eng Direktiv iwwert d’Réckféierungen an der Maach ass.
Fir déi liberal Fransousin géing den Accueil vu Refugiéen awer Europa a Länner ewéi Lëtzebuerg “éieren” an déi legal Migratioun wier esouwuel positiv ewéi och néideg, well d’Populatioun méi al gëtt a Main d’oeuvre gebraucht wier.
Ugeschwat op d’Verbreedung vum Thema an den Online-Reseauen an de Vott vu jonke Leit fir de Rassemblement National oder d’AfD, sote si an de Charel Goerens, datt d’EU - genee ewéi d’USA et gemaach hunn - d’Kontroll iwwert d’Sozialreseauen an hir Algorithme misst iwwerhuelen. Ouni esou wäit ze goen ewéi Russland oder China natierlech, déi jo auslännesch Plattforme quasi ganz zenséieren. Den europäeschen Digital Act kéint an hiren Aen do hëllefen.
D’Valérie Hayer war da méi optimistesch ewéi de Charel Goerens, datt ee bei de Presidentewalen d’nächst Joer a Frankräich laanscht en zweeten Tuer mat Bardella a Mélanchon kéint kommen. Dofir bräicht een awer e gudde Kandidat fir d’Mëtt, well de Macron net méi untrieden däerf. D’Nimm, déi zirkuléiert sinn, waren Edouard Philippe, Gabriel Attal oder nach Thierry Breton.
Genee ewéi op europäeschem Niveau kéint et a Frankräich och eng Mëtt ginn, déi vum sozialdemokratesche zum konservative Spektrum kéint spanen.
De Charel Goerens huet awer mat engem Zitat vum Charles De Gaulle virun ze vill Zersplitterung gewarnt. De fréiere Generol a President sot 1962, datt wann hien net méi do wier, et net zu engem “Vide politique” géing kommen, mee zu engem “Trop plein”.
Wat de Charel Goerens am meeschte weider iergert, ass den institutionelle Blockage an der EU an datt zanter 2005 an dem Traité vu Lissabon kee Fortschrëtt méi gemaach gi wier. Wann elo nach weider Länner Memberstaate ginn, da géing et ganz komplizéiert ginn. Den DP-Europadeputéierte plädéiert weider dofir, datt d’Vetorecht vun engem Memberstaat ofgeschaaft gëtt, esou wuel an der Aussepolitik ewéi a Steierfroen. D’Valérie Hayer och, mee dat Thema hätt si mam Premier Luc Frieden net beschwat.
Wat d’europäesch Spuer- a Kapitalunioun ugeet, wou Frankräich a Lëtzebuerg doriwwer streiden, wou d’Opsiicht soll hikommen, huet d’Parteikolleegin vum franséische President Macron genee ewéi hien op engem EU-Sommet d’lescht Joer schonn eng gewëss Ouverture gewisen. Zanter Jore wëll Frankräich d’Opsiicht bei sech kréien, mee Lëtzebuerg wëll, datt Länner hir Kompetenze kënne behalen.
Am Gespréich tëscht den zwee Proeuropäer an de Journaliste wärend dem Mëttegiessen hu sech dann och zwee grouss Echecke vun der Politik erauskristalliséiert. Engersäits d’Zuchverbindung tëscht Bréissel a Lëtzebuerg, anerersäits awer virun allem de Logement, deen ëmmer nees als ee vun de grousse Problemer fir d’Leit, mee och fir d’Ekonomie erkannt gouf.