
Am Südsudan gëtt déi humanitär a sanitär Kris ëmmer méi grouss
Eng Situatioun, ënnert där haaptsächlech déi zivil Populatioun leide muss. Humanitär Hëllefsgruppen, wéi Médecins sans Frontières (MSF), hunn et ëmmer méi schwéier, fir am Land hir Aarbecht ze maachen, esou de Message vun MSF op enger Online-Pressekonferenz en Dënschdeg.
Och wann et 2018 schonn zu engem Friddensaccord am Südsudan komm ass, esou hält d’Gewalt am ostafrikanesche Land net op. Wéi MSF erkläert, eskaléieren d’Attacke géint Gesondheets-Infrastrukturen, 100 Dausende Leit hu keen Accès op liewenswichteg Gesondheetsservicer. De Programm-Direkter fir de Südsudan, Vittorio Oppizzi:
“2025, wat mir vu Mäerz u matkritt hunn, gouf et dee schlëmmsten Niveau vu Gewalt zanter der Signature vum Friddensaccord. Eleng d’lescht Joer huet MSF aacht Attacken op Gesondheetsinfrastrukturen enregistréiert.”
Dobäi kënnt, datt MSF an aner Hëllefsorganisatiounen an hirer Aarbecht limitéiert ginn. Déi südsudaneesesch Regierung huet Restriktiounen en place gesat, déi et den Hëllefsorganisatiounen onméiglech mécht an den oppositionelle Gebidder ze schaffen. MSF huet zwee Gesondheetszentren an deene Gebidder, wéi d’Sabrina Sharmin, Directrice adjointe vum Südsudan Programm bei MSF preziséiert:
“Dat limitéiert d’Méiglechkeete vun MSF fir essentiel Gesondheetsservicer ze garantéieren, d’Personal ze wiesselen, Liwwerketten oprecht ze erhalen an och d’Iwwerweisunge vu Patienten ze maachen. Krichsverletzter a Fraen, déi eng Césarienne brauchen, dat gëtt alles blockéiert.”
Ee vun de gréisste Problemer wier, datt net genuch iwwer déi katastrophal humanitär Lag am Südsudan géif geschwat ginn, esou d’Helen Richards, politesch Beroderin fir humanitär Affairen:
“D’Leit stierwe wéinst Krankheeten, déi ze behandele sinn, wéi Malaria oder Cholera. Dat wéinst Lücken am Gesondheetssystem. An de Klinicke feelt et un essentielle Medikamenter a Mataarbechter. D’Situatioun verschlëmmert sech: Déi humanitär Hëllef muss verstäerkt ginn. Dofir brauch et méi finanziell Hëllef, awer och méi Opmierksamkeet.”
2025 war een traurege Rekord fir de Südsudan: Nach ni hätt d’Land esou wéineg finanziell Ënnerstëtzung kritt wéi d’lescht Joer. D’Donateure setzen ëmmer méi aner Prioritéiten, sief dat fir national Ausgaben oder och aner humanitär Krisen. Dobäi wiere grad elo méi Mëttel fir de Südsudan kruzial: Wéi d’Vereenten Natioune schreiwen, wier d’Zuel vun doudegen Zivilisten an engem Joer ëm 33% geklommen. Dobäi kéim och sexualiséiert Gewalt.