
Op Ufro vum Europäesche Reaktiounskoordinatiounszenter gouf eng Missioun vum Humanitarian Intervention Team (HIT) vum CGDIS organiséiert.

Zwee Expertë sinn den 13. Februar op Madagaskar gereest, equipéiert mam néidege Material fir d’"emergency.lu"-Satellit-Antenn opzestellen. Dës Antenn stellt wichteg Kommunikatiounsméiglechkeeten an de betraffene Gebidder zur Verfügung, fir d’Koordinatioun vun europäesche Rettungsekippen an humanitären Organisatiounen ze ënnerstëtzen. D’Missioun ass op ongeféier dräi Wochen geplangt
“emergency.lu” ass eng Partnerschaft tëscht der Lëtzebuerger Regierung a private Firmen (SES Telecom Services, Hitec Luxembourg, Luxembourg Air Ambulance S.A.). D’Käschte gi jee no Missioun vum Ausseministère oder der EU iwwerholl.