FrankräichDausende Bierger gi fir hiren Asaz ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 2.000 Persoune kréie vun offizieller Säit aus Merci gesot fir hiren Engagement an der Lutte géint de Coronavirus.

Dëst wier e Wonsch vum President Emmanuel Macron gewiescht. Ënnert de Persounen, déi geéiert ginn, si virun allem Leit aus dem Gesondheetsberäich. 40 Mënschen, dorënner Dokteren, Fleeger a Personal aus Alters- a Fleegeheemer gi posthum ausgezeechent.

Och Mataarbechter aus Firmen, déi wärend der Kris Beootmungsapparater, Masken oder Desinfektiounsmëttel hiergestallt hunn, gi geéiert. Genausou wéi Fransousen, déi am Ausland gehollef hunn oder Betriber finanziell ënnerstëtzt hunn.

Back to Top
CIM LOGO