
No engem Openthalt vun 10 Deeg am Spidol vu Sandschan am Norde vum Iran, wou si hir Prisongsstrof ofsëtzt, wier der Mohammadi elo "géint eng héich Kautioun d'Aussetze vun der Strof erlaabt" ginn. D'Nobelpräis-Laureatin wier deemno e Sonndeg mat enger Ambulanz an e Spidol zu Teheran bruecht ginn, wou si "vun hirer eegener Dokter-Ekipp" behandelt géif, heescht et vun hirer Stëftung op der Plaz. D'Héicht vun der Kautioun gouf dobäi net genannt.
Ënnerstëtzer vun der 54 Joer aler Mënscherechtsaktivistin hate virdru gewarnt, d'Mohammadi géif sech am Prisong a Liewensgefor befannen, well si an de leschte Wochen zwee Häerzinfarkter erlidden hätt an dobäi net genuch traitéiert gouf. En Donneschdeg hat den US-Ausseministère Teheran opgefuerdert, d'Mohammadi "elo fräizeloossen an hir d'Behandlung zoukommen ze loossen, déi si braucht".
De Mann vun der Mohammadi, deen zu Paräis lieft, huet och erkläert, datt si a Liewensgefor schwiewe géif. "Zwar befënnt si sech aktuell no engem Zesummebroch am Spidol, mee eng temporär Behandlung geet net duer." D'Mohammadi dierft ni méi an d'Situatioun zeréckgoen, "déi hir Gesondheet ruinéiert huet", huet de Mann gefuerdert.
D'Mohammadi war an de leschte 25 Joer wéinst hirem Asaz géint d'Doudesstrof a géint den Zwang fir d'Droe vum Kappduch ëmmer nees viru Geriicht bruecht a mat Prisongsstrofe beluecht ginn. 2023 gouf si fir hiren Aktivismus fir Mënscherechter mam Friddensnobelpräis ausgezeechent.
Am Dezember 2024 gouf d'Mohammadi aus gesondheetleche Grënn temporär aus dem Evin-Prisong zu Teheran entlooss. Am Dezember 2025 gouf si an der Stad Maschhad op en Neits festgeholl, well si bei engem Begriefnes de geeschtleche Regimm vum Iran kritiséiert hat. Am Februar huet d'Stëftung vun der Mohammadi matgedeelt, hire Gesondheetszoustand géif hinnen "immens Suerge maachen".