
Zu Bréissel sinn e Méindeg d'EU-Ausseministere beieneen. Lëtzebuerg ass do duerch de Minister Bettel vertrueden. Um Ordre du jour stinn den Ukrain-Krich an natierlech och d'Situatioun am Noen Osten.
A mam Noen Osten ass net just den Iran gemengt, mee och Israel, Palästina an de Libanon. Well och do gëtt et nach ëmmer quasi all Dag Doudeger. De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet bei senger Arrivée um Conseil dann op en Neits d'Virgoe vun Israel däitlech kritiséiert.
"Mir hunn nach eng Kéier 35 Palästinenser, déi gëschter blesséiert gi si vu brutale Settlers. Et ass ëmmer deen een oder aneren, dee seet, Nee mir kënnen net, mir kënnen net. Ech hoffen, datt mer lo awer iergendwann iwwert d'Majorité qualifiée kënnen een Zeeche setzen. Mir kënnen net einfach d'An zoumaachen. Soubal eppes an der Ukrain geschitt, jäize mer alleguerten a wann eppes a Palästina geschitt oder am Libanon, géinge mer alleguerten d'An zoumaachen, dat geet net." Och den ukraineschen Ausseminister ass bei der Reunioun zu Bréissel mat dobäi.
De Lëtzebuerger Chefdiplomat huet sech zefridde gewisen, datt an Ungarn elo eng Regierung um Rudder ass, déi Hëllefe fir d'Ukrain net méi blockéiere géing. Wat ee méiglechen EU-Bäitrëtt vum osteuropäesche Land ugeet, huet de Xavier Bettel iwwerdeems virdru gewarnt, deen ze iwwerstierzen. Fir d'éischt missten d'Krittären erfëllt sinn.
D'EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas huet hirersäits d'Propos vum russesche President Wladimir Putin, de fréieren däitsche Bundeskanzler Gerhard Schröder als Negociateur tëscht der Ukrain a Russland anzesetzen, kloer zeréckgewisen."Éischtens, wa mir Russland d'Recht ginn, an eisem Numm een Negociateur erauszesichen, wier dat net besonnesch gescheit. An zweetens war de Gerhard Schröder ee wichtege Lobbyist fir russesch Staatsentreprisen, et ass also kloer, firwat de Putin wëllt, datt hien déi Persoun ass. An deem Fall géing de Putin nämlech op béide Säite vum Dësch sëtzen." Um Programm stinn och Gespréicher mat den Ausseministere vun de sechs Westbalkan-Staaten. Et wéilt een dës weider um Wee zu engem EU-Bäitrëtt ënnerstëtzen. Als Géigeleeschtung missten awer weider Reformen ëmgesat ginn.