Virum Hannergrond vun den déidleche Schëss op den Aide-soignant Alex Pretti hat d’Omar an hirer Ried d’Ofschafung vun der Immigratiounsagence ICE an de Récktrëtt vun der zoustänneger Ministesch Kristi Noem gefuerdert. Wéi e Porte-parole vun der Politikerin matdeelt, ass d’Ilhan Omar bei der Attack onblesséiert bliwwen, den Ugräifer gouf festgeholl. Zu Minneapolis koum et an deene leschte Wochen zu massive Protester, zanter ICE verstäerkt an der Stad operéiert. Verstäerkt goufe se duerch den Doud vum Alex Pretti, dee um Rand vun enger ICE-Razzia vun engem Beamten erschoss gouf.