
Eng éischte Kéier zanter der rezenter Eskalatioun am Iran-Krich sinn Aussoe vun den USA no zwee vun hiren Zaldoten ëm d'Liewe komm. Si goufen e Freideg bei engem iraneschen Rakéiten- an Dronenugrëff ëmbruecht, wéi et vum US-Regionalkommando Centcom e Samschdeg heescht. E weideren US-Zaldot gëtt nach vermësst. Den ieweschte Leader vum Iran Modschtaba Chamenei huet d'USA no de rezenten US-Attacken op säi Land virun "onvergiessleche Lektioune" gewarnt.
Bei den iraneschen Attacken a Jordanien, bei deenen déi zwee US-Zaldoten hiert d'Liewe gelooss hunn, goufen och véier Membere vun der US-Arméi blesséiert. Si koumen an e Spidol.
D'USA hirersäits fuere weider mat hiren Ugrëffer op den Iran. An der Nuecht op e Samschdeg war eng nei Ugrëffswell lancéiert ginn. Centcom no huet d'US-Arméi hei militäresch Logistikinfrastrukturen, ënnerierdesch Waffelager an Iwwerwaachungsposte vum Iran an d'Viséier geholl.
Iranesch Medie mellen Explosiounen a méi Deeler vum Land, dorënner an der zentraliranescher Stad Jasd. De Noriichtenagence Irna no goufen an der südlecher Provënz Hormusgan dräi Mënsche bei engem US-Ugrëff ëmbruecht. Den Iran wërft den USA vir, zivil Infrastrukturen ugegraff ze hunn, dorënner ee Flughafen, eng Gare an zwou Brécken.
Déi iranesch Arméi huet hirersäits nees verschidde Golfstaaten, déi mat den USA alliéiert sinn, attackéiert. Besonnesch schwéier huet et de Kuwait getraff. Bei enger Attack op eng Pëtrolsanlag goufen Kuwait Petroleum no méi Leit blesséiert an villes beschiedegt. Getraff gouf och eng Anlag, déi Stroum produzéiert, an eng weider, déi Mierwaasser entsalzt. Duerch d'Attack war e Feier ausgebrach. Dowéinst huet een den zoustännegen Autoritéiten no och verschidde Produktiounsunitéite vum Stroumwierk missten ausser Betrib huelen. Schonn e Freideg war eng änlech Anlag beschiedegt ginn. Den Ausseminister aus dem Kuwait huet dem Iran e "systematescht feindséilegt Virgoen" géint zivil Ziler a wichteg Infrastruktur virgeworf.
Aus dem Bahrain heescht et, datt et der Arméi gelonge wier, e weideren iraneschen Ugrëff ofzewieren. Der iranescher Arméi no war Militärbasis Issa am Süde vum Bahrain, déi vun den USA genotzt gëtt, d'Zil vun der Attack. Viséiert wieren Hangaren, Pëtrolslager an Plazen, wou d'US-Arméi Gefier ofstellt, gewiescht. Och verschidde Brécken, déi d'Basis mat aneren Deeler vum Land verbannen, waren am Viséier.
Am Jordanien huet den Iran eegenen Aussoen no Pëtrolslager op der US-Basis Al-Asrak viséiert. Déi jordanesch Arméi huet erkläert, zéng iranesch Rakéiten ofgefaangen ze hunn.
An der Strooss vun Hormus hunn d'Revolutiounsgarden eegenen Aussoen no véier Schëffer dru gehënnert, fir duerch d'Strooss ze fueren. Dobäi koume Rakéiten an Dronen an den Asaz. Zwee Tanker hätte Minne getraff, déi explodéiert wieren, an e Brand ausgeléist hunn. Ënner wéi engem Fändel déi Schëffer gefuer sinn oder ob et Affer gëtt, huet Teheran net matgedeelt. Centcom huet d'Aussoen zeréckgewisen.
Den héchsten iranescher Féierer Modschtaba Chamenei huet Menacen a Richtung USA ausgeschwat, dat wéinst den dauerhaften Attacke op säi Land. "Elo, wou den amerikanesche Feind de Krich ufänke wëll (...), soll hie wëssen, datt déi iranesch Natioun an d'Achs vum Widderstand him eng onvergiesslech Lektioun ze bidden huet," heescht et an enger Deklaratioun, déi op der Staatstëlee ausgestraalt gouf. D'Verstéiss vun den USA géint de Kaderaccord, deen ee mat Teheran hat, géifen "eemol méi weisen, datt all Ënnerschrëft" vum US-President Donald Trump "wäertlos ass".
E Militärberoder vum Chamenei huet scho virun de rezenten US-Attacken mat "groussugeluechten Offensivaktiounen" gedreet, sollten d'US-Attacken nach zwee oder dräi Deeg daueren. Den Iran géif sech dann net méi op déi selwecht "Vergeltungsattacken" limitéieren, sot de Mohsen Resai e Freideg op der Tëlee.
D'USA an den Iran hate jo Mëtt Juni e Kaderaccord ënnerschriwwen, deen als Zil hat, fir bannent 60 Deeg e Friddensaccord op d'Been ze stellen. Trotz den neisten Eskalatiounen lafen d'Vermëttlungen awer weider. No engem Duerchbroch gesäit et aktuell awer net aus.