
E Freideg hunn d'Autoritéiten am Venezuela matgedeelt, datt méi wéi 5.000 Persoune bei den Äerdbiewen am Land ëm d'Liewe komm sinn an dausenden hiert Doheem verluer hunn. Dat südamerikanescht Land huet 346 Milliounen Dollar fir den Neesopbau vum Internationalen Wärungsfong kritt. Honnerte Gebaier sinn an de Biewe sou zerstéiert ginn, datt kee méi kann an hinne wunnen.
Och de Grand-Duché huet am Venezuela aktiv eng Hand mat ugepaakt. Lëtzebuerg huet Enn Juni zwee Experte mat der Air Rescue an de Venezuela geflunn, fir bei der Kommunikatioun ze hëllefen. Donieft hu sech dräi Experte vum humanitären Interventiounsteam vum CGDIS un der europäescher Koordinatiounsekipp bedeelegt. Zwee weider Lëtzebuerger Logistikexperte goufe fir d'UNO detachéiert, fir Koordinatioun ze maachen. De Grand-Duché huet och Zelter an Generatoren am Wäert vun 100.000 Euro fir de Venezuela zur Verfügung gestallt. Ausserdeem huet Lëtzebuerg sech nach mat 250.000 Euro un der Hëllef vun der Internationaler Federatioun vum Roude Kräiz bedeelegt. Dës Detailer liwwert den Ausseministère all an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.