Däitschen Ausseminister Wadephul"Tankrabatt" falsche Wee, fir Auswierkunge vun Iran-Krich ofzefiederen

RTL Lëtzebuerg
Fir de Johann Wadephul muss ee sech laangfristeg vun de fossille Brennstoffer onofhängege maachen.
Den däitschen Ausseminsiter Johann Wadephul op enger Nato-Pressekonferenz am Juli 2026.
Den däitschen Ausseminsiter Johann Wadephul op enger Nato-Pressekonferenz am Juli 2026.
© MARKKU ULANDER/AFP

Elo um Ufank vun der Grousser Vakanz iergere sech natierlech vill Automobilisten driwwer, datt Bensinn an Diesel duerch déi nei Eskalatioun am Iran-Krich nees méi deier ginn a fuerderen, den "Tankrabatt" misst nees agefouert ginn. Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul schwätzt sech awer dogéint aus. Dat wier dee falsche Wee, gëtt de Minister an der däitscher Press zitéiert.

D'Auswierkunge vum Krich am Noen Osten kéinte mat dëser Mesure net op Dauer "neutraliséieren" an op Dauer géif een domadder och déi budgetär Kapazitéiten iwwerfuerderen. Fir de Johann Wadephul gëtt et just eng Léier aus der Blockad vun der Strooss vun Hormus: Konsequent rausgoen aus de fossille Brennstoffer, fir sech onofhängeg vun dësen ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO