No siwenter Ronn vun US-AttackenIranesch Attacken op Golfstaaten, Doudesaffer am Kuwait

AFP, iwwersat vun RTL
De Konflikt tëscht den USA an dem Iran riskéiert, ausser Kontroll ze geroden.
Eng Foto vun enger Rakéit, déi vun den iranesche Revolutiounsgarde geschoss gouf.
© AFP PHOTO / SEPAHNEWS" - HANDOUT

Déi siwent Nuecht hannerteneen huet d'amerikanesch Arméi, eegenen Aussoen no, iranesch Iwwerwaachungssitten, ënnerierdesch Waffelager an aner militäresch Infrastrukturen attackéiert. Iranesch Sourcen soen, et wieren zivil Ziler getraff ginn. De Schëffstrafic an der Strooss vun Hormus läit den Ament quasi nees brooch. En Donneschdeg wiere grad emol 8 Schëffer duerchgefuer.

Den Iran huet da sengersäits als Reaktioun op déi amerikanesch Attacken op en Neits d'Alliéiert vun den USA an der Golfregioun attackéiert. Wéi et vun der iranescher Arméi heescht, wier een eng Dronen-Attack op de Loftwaffestëtzpunkt Issa am Süde vum Bahrain geflunn. Dëse wier ee vun de wichtegsten operativen Zentere vun den USA an der Regioun. De bahraineschen Inneministère huet matgedeelt, dass ee wéinst enger iranescher Attack Loftalarm ausgeléist hätt. Detailer zu méigleche Schied oder Blesséierten huet een awer net keng matgedeelt.

D'Autoritéiten am Kuwait hunn iwwerdeems matgedeelt, dass e Waasserkraaftwierk an eng Entsalzungsanlag bei enger iranescher Attack beschiedegt goufen. Beim Ugrëff wieren och en Rei kuwaitesch Zaldote gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO