Gemeng leet Kondolenzbuch ausDe Student, deen zu Tréier erstach gouf, koum vu Landstuhl

RTL Lëtzebuerg
Et ass nach ëmmer onkloer, firwat den 22 Joer ale Mann vun engem anere Student déidlech blesséiert gouf.
© Bakir Demic

De Student vun 22 Joer, deen e Mëttwoch zu Tréier erstach gouf, kënnt vu Landstuhl. Do soll déi nächst Woch op der Gemeng e Kondolenzbuch leien, mellt den SWR. Firwat de jonke Mann Mëtt der Woch op oppener Strooss an der Géigend vun der Uni vun engem anere Student, deen d'selwecht al war, mat engem Kichemesser déidlech blesséiert gouf, ass nach onkloer. Déi zwee hu sech, den éischten Informatiounen no, net kannt. D'Affer war an der Klinik u senge schlëmme Blessure gestuerwen. De Beschëllegten, e gebiertegen Afghan, deen zu Tréier gewunnt huet, huet d'Dot antëscht zouginn. Hie war ze lescht a psychiatrescher Behandlung.

Back to Top
CIM LOGO