
D'Police huet op Nofro confirméiert, datt e Samschdeg de Mëtteg e Feld an der Géigend Wuermer a Stadbriedemes gebrannt huet. Et wieren nieft den Ekippe vum CGDIS esouwuel Beamte vun der Police wéi och de Policehelikopter, dee sech vun uewen en Iwwerbléck vun der Situatioun verschaf huet, am Asaz gewiescht. D'Beamte an den Helikopter waren awer géint 16.30 Auer, wéi RTL nogefrot huet, net méi op der Plaz, nodeem d'Ekippe vum CGDIS d'Feier ënner Kontroll haten. Et waren nach Pompjeeën am Asaz bliwwen, fir lescht kleng Bränn ze läschen a sécherzestellen, datt d'Feier iwwerall aus wier.
Wéi op Biller vun der Plaz z'erkennen ass, ass de Brand net wäit ewech vun engem Haus ausgebrach an huet do e gréissert Stéck vum Feld komplett zerstéiert. Wéi et vun Zeien op der Plaz heescht, wier duerch dat séiert Agräife vun de Pompjeeën e weidert Ausbreeden an Iwwergräifen op d'Haus verhënnert ginn.
De CGDIS huet dëse Brand och matgedeelt. Et wier um Terrain vu Stadbriedemes gewiescht a wier kuerz viru 15 Auer ugaangen. D'Ekippe vu Kanech, Fluessweiler, Fréiseng Mensder Mutfert, Réimech a Mäertert wieren op der Plaz am Asaz gewiescht.
An enger éischter Variant hate mer geschriwwen, datt et zu Wuermer gebrannt huet. Méi spéit koum awer d'Präzisioun, datt dat betraffend Feld um Terrain vun der Gemeng Stadbriedemes géif leien.