Ex-Spriecher vum US-RepresentantenhausDennis Hastert am Alter vu 84 Joer gestuerwen

Tom Nols
De Politiker, dee lëtzebuergesch Originnen hat, ass en natierlechen Doud gestuerwen, esou d'Autoritéiten.
Den Dennis Hastert viru Geriicht, wéi hien am Abrëll 2016 zu Chicago verurteelt gi war.
Den Dennis Hastert viru Geriicht, wéi hien am Abrëll 2016 zu Chicago verurteelt gi war.
© JOSHUA LOTT/Getty Images via AFP

Den John Dennis Hastert war en US-amerikanesche Politiker, deen tëscht 1999 an 2007 den 51. Spriecher vum Representantenhaus war. Bis haut hate just fënnef Leit déi Funktioun méi laang wéi hien. De Republikaner war 20 Joer laang als Deputéierte fir de 14. Kongresswalbezierk vum US-Bundesstaat Illinois Deel vum Representantenhaus.

2016 war den Hastert zu 15 Méint Prisong verurteelt ginn, nodeems hien an e Finanzskandal ronderëm eng Mëssbrauchsaffär verwéckelt war. Hien hat probéiert, Virementen a Milliounenhéicht ze verstoppen, fir e Mëssbrauch un engem Student ze vertuschen.

Den Hastert war den 2. Januar 1942 zu Aurora am US-Bundesstaat Illinois op d'Welt komm. Säi Papp Jack war lëtzebuergesch-norwegescher Ofstamung, wärend seng Mamm däitsch Wuerzelen hat. An der High School e gudde Rénger a Football-Spiller, gouf hie spéider och Jugendtrainer an deene Sportaarten. An där Zäit soll hie sech un op d'mannst véier Studente vergaangen hunn.

De 84 Joer alen Dennis Hastert ass leschte Weekend en natierlechen Doud gestuerwen, sou d'Geriichtsmedezinner aus dem Kendal County am Illinois an engem Statement.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO