Nei Mesurë presentéiertEU-Kommissioun wëllt europäesch Léisunge fir propper Energie fërderen

Claudia Kollwelter
Eng Investitiounsstrategie fir propper Energie soll hëllefen, den Ecart tëscht disponibelem private Kapital an de néidegen Investitioune minimiséieren. Weider Mesurë proposéiert de Pak „Energie fir d’Bierger“.
Nei Mesurë sollen europawäit d’Onofhängegkeet a Saachen Energie stäerken
© Christophe Hochard

D’Europäesch Kommissioun huet haut nei Mesurë virgestallt fir ënnert anerem d’Energie-Onofhängegkeet vun der EU ze stäerken. Den aktuelle geopolitesche Kontext weist, datt Europa nach ëmmer staark vun importéierte fossille Brennstoffer ofhängeg ass, wat Risike mat sech bréngt an zu héijen Energiepräisser fir Bierger an Industrien féiere kann.

Fir dat ze änneren, wëllt d’Kommissioun Investitiounen an europäesch Léisunge fir propper Energie fërderen an d’Resilienz vum Energiesystem verbesseren.

Eng wichteg Roll spillt dobäi eng Investitiounsstrategie fir propper Energie, déi hëllefe soll, den Ecart tëscht disponibelem private Kapital an de néidegen Investitiounen ze minimiséieren. Zousätzlech proposéiert de Pak „Energie fir d’Bierger“ konkret Mesurë fir Stroumrechnungen ze entlaaschten, de Bierger ze erméiglechen selwer propper Energie ze produzéieren an ze deelen an Energieaarmut ze bekämpfen. All dat geet aus engem Schreiwes vun der Lëtzebuerger Representatioun vun der EU Kommissioun ervir.

Back to Top
CIM LOGO