Deal soll net iwwerstierzt ginnD'Positioune fir en Accord tëscht dem Iran an den USA solle méi no beienee leien

RTL Lëtzebuerg
Knackpunkten sinn d'Strooss vun Hormus an den iraneschen Atomprogramm.
© AFP/MANDEL NGAN

D'Positioune fir en Accord am Noen Osten solle méi no beienee leien, allerdéngs wëll den US-President Trump en Deal mam Iran net iwwerstierzen. Dat ass dem Donald Trump seng neisten Ausso, déi jo bannent Stonne rëm nees kéint Wiesselen.

E Samschdeg hat hie matgedeelt, dass den Accord mam Iran zu groussen Deeler verhandelt wär. Knackpunkten sinn d'Strooss vun Hormus an den iraneschen Atomprogramm. D'iranesch Säit wëll d'Kontroll iwwer de Mieres-Passage wuel weider bei sech halen, den Donald Trump dogéint fuerdert eng komplett Ouverture.

Bannent de leschte Stonnen sollen iwwregens 33 Schëffer, dorënner Tanker mat Pëtrol a Gas, duerch d'Strooss vun Hormus gefuer sinn.D'Islamesch Revolutiounsgarde hat gréng Luucht ginn.

Israel hält och drop, dass den Iran säin Atomprogramm komplett op Äis leeë muss an den Trump soll dem israeelesche Premier Netanjahu dat zougeséchert hunn. Esou liest een et op alle Fall an de Medien an Israel.

Back to Top
CIM LOGO