
Den US-President Donald Trump dréckt zanter sengem Retour an d'Wäisst Haus op eng Friddensléisung. Déi viregt Gespréicher haten allerdéngs keen Duerchbroch bruecht. Duerch den amerikanesch-israeelesche Krich géint den Iran war de Verhandlungsprozess zousätzlech an den Hannergrond geroden.
An Europa an an der Ukrain besteet d'Suerg, datt Washington Kiew zu engem Accord dränge kéint, deen enger faktescher Kapitulatioun gläichkéim. Den Trump hat virun de Gespréicher ugedeit, datt d'Ukrain méiglecherweis Territoire misst ofginn. Kiew schléisst esou e Réckzuch awer aus.
Och d'europäesch Sécherheetsuerdnung steet am Mëttelpunkt. Kuerz viru senger Invasioun 2022 hat Moskau vun der NATO verlaangt, hir Truppen aus Osteuropa zeréckzezéien. Den US-Emissär Jared Kushner huet e Méindeg erkläert, datt eng Friddensléisung och direkt Gespréicher tëscht Russland an Europa iwwer méi breet Sécherheetsfroe verlaange géif.
Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul huet sech géint eng nei Sécherheetsarchitektur fir Europa ausgeschwat. Hien huet Moskau opgefuerdert, seng maximalistesch Fuerderungen opzeginn, a virun enger reng symbolescher Verhandlungsshow gewarnt.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet sengersäits virun enger "Jalta 2.0" gewarnt, eng Uspillung op d'Konferenz vun 1945, bei där déi westlech Alliéiert an d'Sowjetunioun iwwer d'Nokrichsuerdnung an Europa verhandelt haten.
Dem ukrainesche Chefnegociateur Rustem Umerow no sollen zu Abu Dhabi och separat Gespréicher mat Vertrieder aus Groussbritannien, Frankräich, Däitschland an Italien souwéi mat Responsabele vun der NATO an der EU stattfannen.
De Kreml, deen eng direkt Bedeelegung vun den Europäer un den Haaptverhandlunge verhënnere wëll, huet awer betount, datt déi offiziell Gespréicher op déi dräi Parteien, Russland, d'Ukrain an d'USA, limitéiert bleiwen.