Online-ShoppingEU wëll géint falsch Rabatter an deier Concertsticketen virgoen

AFP, iwwersat vun RTL
D'EU-Kommissioun wëll d'Konsumente beim Akafen um Internet besser schützen. Nei Reegele solle virun allem falsch Remisë, verstoppte Käschten an iwwerraschend héich Präisser bei Concertsticketen verhënneren.
© NICOLAS TUCAT/AFP

Wie schonn emol Tickete fir e beléifte Concert kaf huet, kennt de Problem: Et steet een an enger virtueller Waardeschlaang, an op eemol sinn d'Tickete vill méi deier wéi ursprénglech ugekënnegt. Schold dorun ass dacks de sougenannten dynamesche Präissystem, bei deem d'Präisser mat der Nofro klammen. D'EU wëll dëse System zwar net verbidden, mee dofir suergen, datt d'Clientë besser informéiert ginn. Esou sollen Ticketplattformen an Zukunft net nëmmen den aktuelle Präis, mee och den héchstméigleche Präis uweisen. Wien an enger Waardeschlaang steet, soll ausserdeem gesinn, wéi vill Tickete fir wéi ee Präis nach disponibel sinn.

Ma net nëmme beim Kaf vu Concertstickete wëll Bréissel méi streng Reegelen aféieren. Och beim Online-Shopping sollen d'Konsumente besser virun onfairen Tricke geschützt ginn. Esou soll verhënnert ginn, datt Händler mat kënschtlech héijen Originalpräisser grouss Remisë virgaukele kënnen. Och falsch Informatiounen doriwwer, datt just nach e puer Exemplare vun engem Produit disponibel wieren, sollen net méi erlaabt sinn. Domat wëll d'EU verhënneren, datt d'Clientë bewosst ënner Drock gesat ginn, fir se zu engem séiere Kaf ze beweegen.

En anere Schwéierpunkt läit op der Welt vun de Videospiller. Hei wëll d'EU virun allem Kanner a Jugendlecher besser schützen. Virtuell Spillwärunge sollen an Zukunft och an Euro ugewise ginn, fir datt d'Spiller besser aschätze kënnen, wéi vill Sue si tatsächlech ausginn. Mannerjäreger sollen esou Wärungen ausserdeem nëmme mat der Erlabnis vun hiren Eltere kafe kënnen. Spiller, bei deenen ee sech mat richtegem Geld Virdeeler verschafe kann, fir méi séier virunzekommen, sollen hinne ganz verbuede ginn.

Och Influencer sollen an Zukunft méi Responsabilitéit iwwerhuelen. Bezuelte Reklamm muss kloer als esou ze erkenne sinn, an dat onofhängeg dovun, wéi vill Follower eng Persoun huet. Donieft soll et verbuede ginn, Reklammen direkt u Mannerjäreger ze riichten oder d'Follower mat falsche Verspriechungen ze täuschen.

Schliisslech wëll d'EU och den Ëmgang mat Online-Abonnementer vereinfachen. Wien en Abonnement ofschléisse kann, soll dësen och ouni groussen Opwand nees kënnegen. Ausserdeem sollen d'Clienten d'Méiglechkeet hu mat engem mënschleche Beroder ze schwätzen, amplaz ausschliisslech op automatiséiert Systemer ugewisen ze sinn.

Bis dës Ännerungen tatsächlech a Kraaft trieden, wäert et allerdéngs nach daueren. Bis elo handelt et sech ëm Propositiounen, déi nach vum Europaparlament an de Memberstaaten diskutéiert an ausgehandelt musse ginn. Wéi déi definitiv Reegele wäerten ausgesinn a wéini se a Kraaft trieden, steet deemno nach net fest.

Back to Top
CIM LOGO