Zuele vum PentagonKrich géint den Iran huet d'USA antëscht bal 29 Milliarden Dollar kascht

RTL mat AFP
Den US-President Donald Trump steet wéinst dësen Zuelen an den Auswierkungen op d'militäresch Bereetschaft ëmmer méi ënner Drock.
Den US-Krichsminister Pete Hegseth an de Generol Dan Caine bei der Budgetsunhéierung vum Verdeedegungsministère.
Den US-Krichsminister Pete Hegseth an de Generol Dan Caine bei der Budgetsunhéierung vum Verdeedegungsministère.
© JIM WATSON/AFP

D'Zuel vu knapp 29 Milliarden US-Dollar gouf vum Verdeedegungsministère wärend enger Unhéierung ëm de Pentagon-Budget am Kongress genannt. D'Zuel läit ronn 4 Milliarden Dollar méi héich, wéi de Verdeedegungsminister Pete Hegseth viru knapps zwou Woche ageschat hat. De Finanzchef vum Pentagon Jules Hurst III huet erkläert, dass d'Käschte virun allem wéinst Reparaturen, dem Ersetze vun Equipement an anere lafenden Operatiounskäschte no uewe korrigéiert goufen.

Op d'Fro, wéini de Kongress eng méi komplett Oplëschtung vun de Käschte vum Krich kritt, huet den Pete Hegseth geäntwert, d'Regierung géif separat vum reguläre Pentagon-Budget dat ufroen, wat si fir néideg hält. Wéini esou eng zousätzlech Demande kënnt, huet hien awer net gesot.

D'Unhéierung war gepräägt vun enger ugespaanter Stëmmung virun allem, well de Waffestëllstand tëscht den USA an dem Iran ëmmer méi fragil gëtt. Den Donald Trump hat viru kuerzem en neie Virschlag op Fridden, dee vun Teheran koum, refuséiert. D'Demokraten hunn d'Geleeënheet genotzt, fir d'Regierung wéinst mangelnder Transparenz an onkloren Ziler ze kritiséiert. D'Rosa DeLauro, déi fir d'Demokraten am Comité fir de Budget sëtzt, huet d'Fro opgeworf, wat eigentlech mat dësem Asaz erreecht gouf an zu wéi engem Präis.

Suergen ëm d'Waffereserven

Niewent de finanzielle Froe gëtt et ëmmer méi Bedenken iwwer d'Waffebestänn vun den USA, déi duerch déi intensiv Loftoperatiounen am Noen Oste staark reduzéiert sinn. Wärend de Minister Hegseth dës Suergen als "iwwerdriwwen" ofgedoe huet an betount, dass genuch Munitioun disponibel wier, gesinn dat aner Politiker anescht. De Senator Mark Kelly huet virun engem massive Réckgang bei Tomahawk-Rakéiten a Patriot-Ofwiersystemer gewarnt, wat d'US-Bereetschaft fir eventuell zukünfteg Konflikter – eventuell mat China – kéint schwächen. Et kéint nämlech Joren daueren, bis dës Reserven nees opgebaut sinn.

Éischten Optrëtt zënter dem "Enn vum Krich"

Fir den Hegseth war et den éischten Optrëtt um Capitol Hill zënter d'Wäisst Haus de Kongress offiziell doriwwer informéiert hat, datt d'Attacken, déi vun den USA an Israel den 28. Februar géint den Iran ugefaangen haten, ofgeschloss sinn.

D'Demokrate werfen dem Donald Trump scho méi laang vir, ouni déi néideg Autorisatioun vum Kongress e Krich gefouert ze hunn. Dobäi gi si vun zwee Republikaner ënnerstëtzt.

Back to Top
CIM LOGO