
D'EU-Marinn-Missioun "Aspides" kéint nom Enn vum Iran-Krich op d'Strooss vun Hormus ausgebreet ginn. Dat sot d'EU-Aussebeoptragt Kaja Kallas en Dënschdeg no engem Treffe vun den EU-Verdeedegungsminister. Fir dass dat ka passéiere mussen d'Memberlänner sech awer eens ginn, fir den Optrag vun der Missioun ze änneren.
Der EU-Aussebeoptragter no hätte schonn e puer Länner zougesot, fir méi Schëffer fir "Aspides" zur Verfügung ze stellen. Et wiere ganz gutt Diskussioune gewiescht. Beim leschten Treffen Enn Mäerz haten d'Verdeedegungsminister sech nach géint eng Auswäitung vun der Missioun op d'Strooss vun Hormus ausgeschwat.
Europa beréit den Ament doriwwer, wéi seng Roll bei der Sécherung vum internationale Schëffsverkéier nom Enn vum Iran-Krich soll ausgesinn. Frankräich a Groussbritannien - dat allerdéngs net Deel vun der EU ass - hate Gespréicher iwwer eng méiglech Marinn-Presenz an der Regioun ugestouss.
D'Europäesch Unioun hat d'Marinn-Missioun "Eunavfor Aspides" am Februar 2024 decidéiert. Si soll de Schëffsverkéier am Roude Mier virun den Attacke vun der pro-iranescher Huthi-Miliz aus dem Jemen schützen. D'Mandat vun der Missioun ëmfaasst och de persesche Golf an d'Strooss vun Hormus. Aktuell ass d'Missioun awer op d'Gebitt südlech vum Hafe Maskat am Oman limitéiert.