
Et huet laang gedauert, ma zanter en Donneschdeg ass et offiziell: Éisträich wäert fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun der zweeter Republik eng Dräierkoalitioun kréien. Zesumme mat de Sozialisten an de liberalen NEOS wäert d’riets-konservativ ÖVP d’Land leeden.
Et huet en zweeten Ulaf gebraucht, fir dass déi dräi Parteien zouenee fonnt hunn. Ënnert dem Motto “Jetzt das Richtige tun. Für Österreich” ass de Regierungsprogramm eng Mëschung aus de Kompetenze vun alle Bedeelegten.
De Christian Stocker, Parteichef vun der ÖVP, gëtt neie Bundeskanzler, wärend seng Partei fënnef Ministèren iwwerhëlt. Nieft dem Verdeedegungs-, Wirtschafts, Landwirtschafts a Klimaressort war den Inneministère der Partei am wichtegsten. Den Andreas Babler, Chef vun de Sozialisten, gëtt Vizekanzler an iwwerhëlt héchstwarscheinlech de Logementsministère, Konscht, Kultur, Medien a Sport. Donieft iwwerhëlt d’SPÖ d’Ressorte fir Finanzen, d’Justiz, den Transportministère, Innovatioun an Technologie an de Frae-, Wëssenschafts- a Fuerschungsministère.
D’liberal NEOS kréien als klengste Koalitiounspartner den Aussen- a Educatiounsministère. Nei Ausseministesch gëtt d’Parteicheffin Beate Meinl-Reisinger.
Am zweeten Ulaf sinn d’Verhandlungen däitlech besser gelaf, sou dass héchstwarscheinlech e Méindeg déi éischt Dräierkoalitioun an der Geschicht vun der zweeter Republik vum Bundespresident vereedegt wäert ginn. Ob d’Kompromëssbereetschaft dann am politeschen Alldag och nach klappe wäert, bleift ofzewaarden.