Bei engem Rakéitenugrëff an der zentral geleeëner Stad Krywyj Rih wiere véier Erwuessener an zwee Meedercher ëmkomm, hunn déi lokal Autoritéite matgedeelt. Aacht weider Leit wiere blesséiert ginn. D'Zuel vun den Doudege kéint awer nach klammen, huet et geheescht.
D'Autoritéiten an der ëstlecher Regioun Poltawa hunn iwwerdeems matgedeelt, datt bei engem Ugrëff op ee Lagerhaus ee Mënsch ëmkomm wier. Zu Kiew ass der lokaler Militärverwaltung no och eng Persoun gestuerwen, zwou weiderer goufe blesséiert. Ee Korrespondent vun der Noriichtenagence AFP huet an der Nuecht op en Donneschdeg vun enger Rei Explosiounen an der ukrainescher Haaptstad geschwat. Bei Ugrëff op déi westukrainesch Stad Lwiw goufe 15 Leit blesséiert.
Virdrun hat den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj virun engem imminenten "massiven" russeschen Ugrëff geschwat. "D'Russen hu virun e puer Deeg ee massiven Ugrëff preparéiert, an et gëtt eng grouss Warscheinlechkeet, datt den Ugrëff haut an der Nuecht geschitt", hat de Selenskyj e Mëttwoch den Owend op X matgedeelt. Hien huet d'Populatioun am ganze Land opgeruff, op ee méigleche Loftalarm opzepassen.
De Selenskyj huet iwwerdeems d'USA an aner Alliéiert vun der Ukrain dozou opgeruff, Patriot-Rakéiten ze liwweren. Kiew brauch dës fir d'Rakéitenofwier. En Dënschdeg hat de Selenskyj zu Washington mam US-President Donald Trump iwwert d'Patriot-Ofwiersystemer geschwat.