
Wéi d'AFP e Mëttwoch den Owend aus Ermëttlerkreesser gewuer gouf, gouf déi 32 Joer al Fra dee Moment vun den Ermëttler befrot. Och hire Partner, duerch deen déi doudeg Bëbeeën entdeckt goufen, ass an Untersuchungshaft.
D'Iwwerreschter vu fënnef Puppelcher waren an der Wunneng vun der Koppel zu Orange a Südfrankräich entdeckt ginn. Dat op Nofuerschung vum Liewenspartner. Den 32 Joer ale Mann war eegener Ausso no bei der Police beonrouegt doriwwer gewiescht, datt seng Frëndin hir Schwangerschaft op en Neits immens spéit bemierkt huet.
D'Fra hat dem Parquet no e Sonndeg doheem entbonnen, éier si an d'Spidol bruecht gouf. Bei sech Doheem hätt de Mann nogefuerscht an eppes entdeckt, wat "mënschlechen Iwwerreschter" änele géing. E Méindeg huet d'Police dann d'Wunneng vun der Koppel duerchsicht. E Geriichtsmedeziner geet dovun aus, datt d'Schanken an déi verweest Läich, déi fonnt goufen, zu fënnef Puppelcher gehéieren.
D'Fra gouf engem Mediebericht no e Mëttwoch aus dem Spidol entlooss a koum direkt an Untersuchungshaft. De Puppelchen, dee si e Sonndeg op d'Welt bruecht hat, wier e Jong a bei gudder Gesondheet. D'Koppel huet ausserdeem zwee Kanner am Alter vun aacht an néng Joer.