Irakesch Regierung bestätegtEt si keng US-Zaldoten méi am Irak

Sascha Georges
Zejoert waren nach eng 2.500 amerikanesch Zaldoten do stationéiert.
© AFP (Archiv)

Méi wéi 20 Joer nom Stuerz vum Saddam Hussein an nom Kampf géint den Islamesche Staat (IS) verloossen déi lescht US-Zaldoten den Irak. Den Ofzuch soll e Mëttwoch offiziell ofgeschloss ginn.

Den amerikanesche Kampfasaz war schonn 2021 op en Enn gaangen. Zanterhier waren nach ronn 2.500 US-Zaldoten als Beroder an Ausbilder am Land. Washington a Bagdad hate sech 2024 op den Ofzuch gëeenegt.

D'USA haten hir Truppe schonn 2011 komplett aus dem Irak zeréckgezunn. 2014 si si op Demande vun der irakescher Regierung zeréckkomm, nodeems den IS grouss Gebidder am Irak an a Syrien ënner seng Kontroll bruecht hat.

Den Ofzuch vun den US-Truppen ass eng vun den zentrale Fuerderunge vum irakesche Premierminister Ali al-Saidi a vu mächtege Milizen, déi mam Iran alliéiert sinn. Parallel dozou sollten dës Milizen hir Waffen ofginn. Dës Entwaffnung gouf awer op Juni 2027 verréckelt, an et ass nach onkloer, ob se tatsächlech ëmgesat ka ginn.

D'US-Militärinterventioun am Irak hat 2003 ugefaangen. D'USA an hir Alliéiert hunn deemools de Saddam Hussein gestierzt. D'Virwërf vu Washington, den Irak hätt Verbindunge mat Al-Kaida a géif Massevernichtungswaffen entwéckelen, hu sech spéider als falsch erausgestallt.

Déi Joren duerno ware vun Opstänn, konfessioneller Gewalt an de Mësshandlungen am Prisong Abu Ghraib gepräägt. Ronn 4.500 US-Zaldoten an Zéngdausende vun Iraker sinn ëm d'Liewe komm. Gläichzäiteg ass den Afloss vum Iran gewuess, an et si Konditiounen entstanen, ënnert deenen sech fir d'éischt Al-Kaida a spéider den IS ausbreede konnten.

Vun 2014 un huet eng vun den USA gefouert Koalitioun mat méi wéi 80 Länner géint den IS gekämpft. Haut kontrolléiert den IS keng gréisser Gebidder méi. Am Irak konzentréiert sech d'Terrororganisatioun virun allem op hiert Iwwerliewen. Gläichzäiteg sëtzen Dausende Membere vum IS an irakesche Prisongen.

Back to Top
CIM LOGO