
Meta erlaabt et Kanner ënner 13 Joer, seng Plattforme Facebook an Instagram ze benotzen, dat obwuel et EU-Reegelen no verbueden ass. Der EU-Kommissioun no ass et fir d'Aschreiwung genuch, wann een e Gebuertsdatum agëtt.
Eng effektiv Alterskontroll gëtt et net, esou d'EU an hirer Evaluatioun vum Mëttwoch – an dofir kéint de Konzern eng héich Geldstrof kréien.
Am Moment ass an de Bedéngunge vun Instagram a Facebook festgehalen, datt d'Plattformen eréischt vun 13 Joer u benotzbar sinn. D'Praxis gesäit awer aneschters aus: Beim Uleeë vun engem Kont kënne Kanner einfach e falsche Gebuertsdatum uginn.
Meta huet bis elo keng wierklech Kontroll vun dësen Donnéeë gemaach, kritiséiert d'Kommissioun.
D'EU-Digital-Kommissärin Henna Virkkunen huet betount, dass déi allgemeng Bedéngunge méi misste sinn, ewéi just eng Formalitéit, si missten och"konkret Moossname fir de Schutz vun de Notzer bidden – besonnesch fir Kanner."
Dofir muss Meta méi streng Alterskontrollen aféieren. De Konzern kritt awer nach d'Méiglechkeet, op déi Virwërf ze reagéieren an d'Dokumenter anzegesinn.
Sollt d'Kommissioun no dësem Schrëtt bei hirer Positioun bleiwen, kéint si eng Geldstrof vu bis zu sechs Prozent vum weltwäite Joresëmsaz vu Meta verhänken. Zousätzlech kéinten och deeglech Geldstrofen op Meta duerkommen, bis d'Plattformen hir Politik upassen.
Fir d'Zukunft huet d'Kommissioun eng eegen App entwéckele gelooss, déi an e puer Méint prett soll sinn. Dës App kann den Alter vun Notzer iwwer d'Carte d'identité oder de Pass feststellen, ouni aner Donnéeën un d'Plattforme weiderzeginn.
Verschidden EU-Länner wëllen zousätzlech e gesetzlecht Verbuet vu Soziale Medie fir Kanner ënner 16 Joer aféieren.
D'Prozedur géint Meta am Kader vum EU-Gesetz iwwer digital Servicer (bekannt als Digital Services Act) leeft schonn zanter bal zwee Joer. Nieft den Alterskontrolle gëtt och kritiséiert, dass Facebook an Instagram mat Algorithme schaffen, déi Notzer süchteg maachen an domat besonnesch Kanner negativ beaflossen.
Dëse Punkt gëtt nach weider ënnersicht. D'Kommissioun huet och schonn änlech Virwërf géint d'Videoplattform Tiktok an e puer Pornowebsäite gemaach.
Zousätzlech lafen Enquêten och géint Snapchat a Youtube. Zanterdeem den DSA viru méi ewéi zwee an engem hallwe Joer a Kraaft getrueden ass, gouf bis elo awer just eng Geldstrof verhänkt – dat war géint d'Plattform X, wéinst feelender Transparenz.