
An Däitschland haten d'lescht Joer 10 Prozent vun den 20 bis 24 Joer ale keng Ausbildung a keng Aarbecht. Am EU-Vergläich wier dat awer en niddregen Taux, sou dat Statistescht Bundesamt zu Wiesbaden e Méindeg an engem Communiqué. De Chiffer ass awer geklommen. 2022 waren et nach 8,8 Prozent.
Den dualen Ausbildungssytem an Däitschland wier international dofir geschat, dass et sécher Iwwergäng gëtt tëscht Ausbildung an Aarbechtsmarché, sou d'Direktesch vum Wirtschafts- und Sozialwissenschaftlichen Institut (WSI) vun der Hans-Böckler-Stiftung, d'Bettina Kohlrausch. D'Tatsaach, dass de Chiffer vu Jugendlechen a jonken Erwuessenen, déi weder an Ausbildung sinn, nach eng Aarbecht hunn, ënnert dem europäeschen Duerchschnëtt läit, géing déi Stäerkt reflektéieren.
Laut Statistik louch d'EU-Moyenne 2025 bei 13,9 Prozent. Am niddregste war den Taux an Holland mat 5,6 Prozent, am héchsten a Rumänien mat 22,8 Prozent. Besuergt weist sech d'Bettina Kohlrausch awer doriwwer, dass d'Zuel an Däitschland zanter 2022 geklommen ass. Ëmmer méi Jonke géing den Iwwergang vun der Schoul an d'Ausbildung a vun do op den Aarbechtsmarché net méi geléngen. Dowéinst fuerdert si dréngend méi a besser Offeren an der Ausbildung, grad esou wéi eng "echt Ausbildungsgarantie", déi alle Jonken e Recht op eng Plaz an der Ausbildung géing garantéieren.
D'Statistikamt liwwert, ënner Beruffung op den nationale Bildungsbericht, eng Rei méiglech Grënn fir d'Klamme vun den Zuelen. 20 Prozent vun de Concernéierten hu Problemer mat der Betreiung, 18 Prozent hu gesondheetlech Grënn genannt a bei 17 Prozent sinn et Grënn, déi op d'Bildung bezu sinn, zum Beispill d'Waarden op fräi Studien- oder Ausbildungsplazen. 6 Prozent stounge kuerz virun enger Ausbildung oder enger neier Aarbecht, 25 Prozent waren zum Zäitpunkt vun der Ëmfro op der Sich no enger Schaff.