
De Xavier Bettel reagéiert domat op d'Verhale vum israeeleschen Minister fir national Sécherheet um Mëttwoch, deen e Video op de soziale Medie publizéiert hat, an deem ee gesäit, wéi Membere vun der "Global Sumud Flotilla" mat gefesselten Hänn op de Knéien sëtzen.
Dat wier en "inacceptabelt Verhalen", schreift de Xavier Bettel a betount donieft, datt d'humanitär Situatioun a Gaza nach ëmmer katastrophal ass a Lëtzebuerg weider d'EU opfuerdert, déi néideg Mesuren ze huelen, fir op d'Virgoe vun der israeelescher Regierung ze reagéieren.
D’Lëtzebuerger Residenten, déi am Kader vun der "Global Sumud Flotilla" a Richtung Gaza ënnerwee waren a vun Israel festgeholl goufen, sinn ënnerwee fir Heem. Dat deelen d’Organisateuren an engem Schreiwes mat. Si sollen elo um 17 Auer eiser Zäit zu Istanbul ukommen an e Freideg oder e Samschden nees zu Lëtzebuerg ukommen. D’Aktiviste fuerderen d’Lëtzebuerger Regierung op, Konsequenzen aus den Aktioune vun Israel ze zéien.