Éischt Sëtzung vum "Friddensrot"Hëllefe fir d'Gazasträif a Milliardenhéicht erwaart

AFP, iwwersat vun RTL
En Donneschdeg kënnt fir déi éischt Kéier den ëmstriddene "Friddensrot" vum US-President Donald Trump zesummen.
In Washington tagt am Donnerstag erstmals der sogenannte Friedensrat unter Vorsitz von US-Präsident Donald Trump. Erwartet werden laut Trump Zusagen im Umfang von fünf Milliarden Dollar für den zerstörten Gazastreifen.
En Donneschdeg den 19. Februar kënnt zu Washington eng éischt Kéier den ëmstriddene Friddensrot vum Donald Trump zesummen.
© AFP

Zu Washington kënnt en Donneschdeg eng éischte Kéier de neie ganz ëmstriddene Friddensrot vum Donald Trump beieneen. De “Board of peace”, wéi hien en nennt, huet sech jo um Bord vum Weltwirtschaftsforum gegrënnt, an den Trump selwer ass President. 28 Länner si bis ewell dra vertrueden. Déi meescht dovu ginn zimmlech autokratesch gefouert.

Wat genee an der éischter Sitzung wäert beschwat ginn, ass net ganz kloer. Et geet een dervun aus, dass de Fokus awer op de weideren Entwécklungen an der Gazasträif wäert leien. D’USA hunn e finanzielle Milliardepak annoncéiert fir den Nees-Opbau vun der Enklav, woubäi d’Konditiounen awer nach net definéiert sinn. Et ass deemno net kloer, ob et ëm humanitär Hëllef oder ëm finanziell Gewënner soll goen. Donieft rechent den US-President mat “Dausenden Zaldoten” fir déi geplangt International Stabiliséierungsgrupp.

De Friddensrot, sou gesinn et vill Experten, soll och an direkter Konkurrenz zu der UNO stoen. Dofir refuséieren vill Länner matzemaachen. Et ass dann och en Test fir d’EU. Italien, Rumänien an Zypern wäerten nämlech als Observateuren zu Washington mat derbäi sinn, wéi och eng delegéiert EU-Kommissärin. Ungarn a Bulgarien si carrement bäigetrueden.

Back to Top
CIM LOGO