Et wier ee prett, d’Insel ze kafen oder awer och aner Moyenen ze notzen. Déi gréissten Insel op der Welt ass also den Ament am Zentrum vu villen internationalen Diskussiounen.
Grönland läit ganz am Norde vum Atlantik tëscht Nordamerika an Europa. Déi gréissten Insel vun der Welt läit duerch hier nërdlech Positioun ganz no u Kanada, den USA, Europa an awer och u Russland a China. Mat iwwer 2.000.000 Quadratkilometer géif Lëtzebuerg iwwregens ronn 840 Mol a Grönland era passen.
Fir dat ze verstoen, lount et sech, eng Kéier e Bléck op d’Geschicht ze geheien. 1721 gouf Grönland offiziell kolonialiséiert, dat wéi Norwegen an Dänemark nach ee Kinnekräich waren. No der Deelung vum Kinnekräich 1814 huet Kopenhagen Grönland verwalt. Duerch eng Verfassungsreform 1953 ass d’Insel dunn dekolonialiséiert an och ee gläichberechtegten Deel vun Dänemark ginn. Vun 1979 un huet sech Grönland gréisstendeels selwer verwalt, dës Autonomie ass 2009 weider ausgebaut ginn. Dës Autonomie gëllt praktesch fir all innepolitesch Sujeten. D’Aussen-a Sécherheetspolitik gëtt vun Dänemark bestëmmt.
D’USA hunn nämlech 1941 d’Kontroll vu Grönland iwwerholl, fir eng Besatzung duerch Nazi-Däitschland ze verhënneren. Nom Zweete Weltkrich wollten d’USA Grönland schonn opkafen: D’Insel war nämlech virun allem fir d’nuklear Defense wichteg. Amplaz vun engem Kaf koum et 1951 zu engem Accord, deen et dem US-Militär erlaabt, op der Insel ze bleiwen a se ze verdeedegen, esoulaang d’Souveränitéit vun Dänemark net ugegraff gëtt.
Déi geografesch Lag vu Grönland ass strategesch interessant, an dat och wéinst Mieresrouten: Duerch de Klimawandel schmëlzt ëmmer méi Äis ronderëm den Nordpol, domat gi méi direkt nërdlech Passagen fir de Schëffsverkéier disponibel. Experte ginn dovunner aus, datt dës Passage vum nächste Joerzéngt u kommerziell ze benotze sinn. Méi kuerz Weeër tëschent Asien an Nordamerika respektiv Europa hunn natierlech och fir de Welthandel enorm Konsequenzen. D’Kontroll iwwer Grönland géif direkten Afloss op strategesch Enkpäss am Nordatlantik bedeiten. Dat erkläert och, firwat d’USA am Kader vun der wirtschaftlecher Kompetitioun mat China esou u Grönland interesséiert sinn.
Ma net just méi kuerz Weeër fir d’Schëffer, och grouss Buedemschätz maache Grönland wirtschaftlech interessant: Metaller, seelen Äerden, Uran, Zénk, Grafit mee och Kuel, Äerdueleg- a Gas. Et gëtt geschat, datt un der südlecher Spëtzt vu Grönland ee vun de gréisste Reservoiren vun seelenen Äerden ass, dee potentiell 3.000 Tonnen d’Joer kéint hierginn. D’Metaller aus de seelenen Äerden gi jo benotzt fir Elektronesch Geräter mee och Waffen ze produzéieren.
Déi strategesch geografesch Lag vu Grönland huet och scho China waakreg gekëddelt: Scho virun 10 Joer huet China ugekënnegt, eng polar Groussmuecht wëllen ze ginn. Dat huet den Drock op d’USA erhéicht.
D’USA si jo schonn zanter dem zweete Weltkrich a Grönland mat Militärbasen a Wiederstatiounen present. Haut ass just nach eng Militärbasis, nämlech “d’Pituffik Space Base” a Betrib, mee déi iwwerhëlt strategesch wichteg Aufgaben an der Weltraum-Iwwerwaachung grad ewéi fir Rakéiten-Alerte-Systemer.
Wichteg ze ënnersträichen ass, datt iwwer Grönland déi kierzte Flug- an domat och Rakéite-Route vum westleche militäreschen Distrikt vu Russland bis bei d’Ostküst vun den USA geet. Fir Rakéiten hei fréi genuch ze erkennen an och fir der Entwécklung an der Waffen-Technologie Rechnung ze droen, misst de Fréiwarnsystem a Grönland ausgebaut an erweidert ginn an och, dem US-Militär no, an déi nordamerikanesch Loftverdeedegung integréiert ginn. Fir d’Sécherheet vum nordamerikanesche Kontinent ass Grönland also kruzial.
Dës Woch hu sech Vertrieder vu Grönland an Dänemark zu Washington mam amerikanesche Vize-President JD Vance getraff, dës Entrevue ass dem däneschen Ausseminister no mat Zitat “fundamentalen Differenzen” op en Enn gaangen. D’Amerikaner insistéieren drop, datt Grönland fir hier national Sécherheet wichteg wier. Mëttlerweil hunn europäesch Länner wéi Frankräich, Däitschland a Groussbritannien Militär-Eenheeten op d’Insel geschéckt.