
Zanter dem 14. Abrëll ass d’Farida Douil bei der Gendarmerie de la Moselle als vermësst gemellt. Fir d’lescht gouf si deemno géint 18.30 Auer zu Diddeleng an der Rue de la Libération, wou si mam Auto hibruecht gouf, gesinn. Zanterhier gëtt et keng Spuer vun der Fra.
Wéi d’Gendarmerie eise Kolleege vun RTL Infos confirméiert huet, ass d’Fra 56 Joer al. D’Soignanten, déi sech ëm d’Farida Douil këmmeren, hunn d’Fra deemno als vermësst gemellt.
Wéi si déi lescht Kéier gesi gouf, hat si e bloen Jogging an e rosa Pullover un.
Wien d’Farida Douil gesinn huet oder Hiweiser zu hirem Openthalt huet, ass gebieden, sech bei der Brigad iwwer Telefon op der Nummer +33 3 82 59 63 40 ze mellen.