
“Et ass ëmmer een deen ee Krich ufänkt, dat ass den einfachen Deel. De komplizéiertsten Deel ass et, e Krich op en Enn ze bréngen”, sou dem Xavier Bettel seng Äntwert op d’Fro, ob hien de Krich géint den Iran ënnerstëtze géif. E Krich hätt nëmme Verléierer an et wier ëmmer d’Zivilbevëlkerung, déi den héchste Präis bezuele géif. Hie géif dowéinst nimools e Krich ënnestëtzen. Dorobber ugeschwat ob hie wéi och Israel an d’USA eng Menace vun enger iranescher Atombomm géif gesinn, huet de Lëtzebuerger Ausseminister geäntwert, hie géif zanter 20 Joer vum israeelesche Premier héieren, den Iran wier nëmmen nach 2 Méint dovunner fort, d’Atombomm ze kréien. Donieft hätten och d’US-amerikanesch Loftattacke géint presuméiert iranesch Nuklear-Anlage gewisen, datt de Probleem net esou séier kéint geléist ginn.
Datt sech den US-President Donald Trump iwwert e Manktem un Ënnerstëtzung duerch seng NATO-Partner am Kontext vum Iran-Krich opgereegt huet, kann de Xavier Bettel en Vue vum Virgoe vun den USA an Israel net novollzéien a verweist dobäi op den Allianze-Charakter vun der NATO: “Mir hunn net ugefaangen, mir goufen net emol gefrot, mir goufen net consultéiert, mir hu kee Rotschlag oder Informatioun ginn. Et war eng unilateral Decisioun vun Israel an den USA”. Et kéint een net ouni Récksprooch mat senge Partner esou e Krich starten an dann dës ëm Hëllef froen, wann et zu Probleemer kéim. Den Artikel 5 vun der NATO, deen d’Memberlänner zu géigesäiteger Ënnerstëtzung verflicht, géif nëmmen da gräifen, datt e Memberstaat attackéiert gëtt. Dat wier hei awer net de Fall.
Iwwerhaapt wier am Kontext vum Iran, notamment wat d’Situatioun an der Hormus-Strooss ugeet, e Lëtzebuerger Bäitrag op militäreschem Niveau limitéiert: “Ech sinn éierlech mat Iech: Als Lëtzebuerger deenen anere Rotschléi ze ginn, wier mäi gréisste Feeler, mat mengen 800 Zaldoten. Mir hunn eng gutt Militärmusek wann Der wëllt, mee keng Flotilla an nëmmen ee Fliger, dowéinst mengen ech net, dass ech d’Léisung fir de President Trump wäert sinn”, sou de Lëtzebuerger Vizepremier mat enger Grëtz Humor.