Champions LeagueBayern dréint no dräimolegem Réckstand de Match a steet an der Halleffinall

Steven Milbert
E Mëttwoch goufen déi zwee lescht Tickete fir d'Halleffinallen an der Champions League verdeelt. Nieft Bayern a Madrid, waren och Arsenal a Lissabon am Asaz.
© Alexandra Beier/AFP

D’Spectateuren zu München sinn e Mëttwochowend voll op hir Käschte komm. An engem vëlleg geckege Match kënnen d’Münchener dräi Mol e Réckstand ophuelen an dësen um Enn souguer nach fir sech entscheeden. No 90 spektakuläre Minutten ka sech Bayern München deemno 4:3 géint Real Madrid behaapten an domadder an d’Halleffinallen anzéien. Do steet schonn deen nächsten héichkarätege Géigner virun der Dier. Et geet nämlech géint de PSG.

Dee leschten Ticket fir d’Halleffinalle konnt sech iwwerdeems den FC Arsenal sécheren. An engem ausgeglachene Match kommen d’Gunners doheem géint d’Gäscht vum Sporting Lissabon net iwwert den 0:0-Gläichspill eraus. Duerch déi 1:0-Victoire vun de Gunners am Allersmatch kann Arsenal allerdéngs den Ticket fir déi nächst Ronn an der Champions League aléisen, do geet et da géint den Atletico vu Madrid.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Bayern München - Real Madrid 4:3
0:1 Güler (1'), 1:1 Pavlovic (6'), 1:2 Güler (29'), 2:2 Kane (38'), 2:3 Mbappé (42'), 3:3 Luis Diaz (89'), 4:3 Olise (90'+4)

Déi bescht Zeenen aus dem Match tëscht Bayern an dem Real
No 90 spektakuläre Minutte kënnen d’Münchener sech mat 4:3 behaapten
D'Goler vum Match tëscht Bayern an dem Real
D’Spectateuren zu München goufen den Owend verwinnt a krute ganzer 7 Goler zerwéiert

D’Spectateure kruten zu München eng geckeg éischt Hallschent ze gesinn. Béid Formatiounen hu mat direktem Zoch op de Gol gespillt, wat sech schonns direkt an der éischter Minutt gewisen huet. No knapps 30 Sekonnen ass de Real nämlech a Féierung gaangen. Et war de Güler, deen de Score fir seng Faarwen opgemaach huet. Dobäi huet de jonken Tierk awer vun engem Feeler vum Manuel Neuer profitéiert, deen de Ball bei enger Relance schlecht degagéiert an de Ball dem Güler an de Fouss gespillt huet. De Spiller vu Madrid hat doropshi keng Problemer, fir de Ball per Distanzschoss am eidele Gol vun de Bayern ënnerzebréngen. Mä d’Féierung vun de Madrilene war nëmme vu kuerzer Dauer. An der 6. Minutt stoung de Pavlovic bei engem Münchener Corner goldrichteg a konnt mam Kapp egaliséieren. Och hei huet op en Neits de Golkipp net gutt ausgesinn. Et war de Lunin, dee bei dësem Corner net entschlosse genuch aus sengem Gol komm war.

No e puer Distanzschëss, déi d’Golkipper awer viru keng gréisser Problemer gestallt hunn, sollt et nees an der 29. Minutt verréckt weidergoen. De Güler huet sech bei engem Fräistouss en Häerz gefaasst an huet dësen an de rietse Wénkel zum 2:1 gezierkelt. Obschonns de Ball gutt placéiert war, huet den Neuer am Münchener Gol nees keng ideal Figur ofginn. Mä och dës Kéier konnten déi Münchener nees séier äntweren. Den Upamecano ass an der 38. Minutt un de Ball komm an ass mat dësem no vir marschéiert. De franséischen Defenseur hat dunn d’A fir de Kane, dee fräistoend am Siechzéngter stoung, vum Upamecano schéin an Zeen gesat gouf an um Enn keng Problemer hat, fir op en Neits ze egaliséieren.

Allerdéngs war nach keng Paus an de Real huet kuerz virum Téi nach eng Kéier bewisen, datt en äiskal virum géigneresche Gol ass. E séiere Virstouss ass beim Vinicius Jr. gelant, deen am Strofraum de Ball fir den Mbappé ofgeluecht huet, dee sech dës Chance net huele gelooss a se souverän am Gol ënnerbruecht huet. Real Madrid ass deemno fir déi drëtte Kéier an dësem Match a Féierung gaangen a konnt dës Avance och mat an d’Kabinnen huelen, soudatt den Arbitter déi éischt Hallschent beim Stand vun 3:2 aus der Siicht vum Real ofgepaff huet.

Nom Téi ass de Match mat voller Vitess weidergaangen. Schonns an der 46. Minutt kruten d’Spectateuren déi éischt gutt Occasioun ze gesinn, mä dem Luis Diaz säi Schoss ass knapps laanscht de Gol gaangen. De Real huet och monter matgespillt a konnt an der 55. Minutt duerch den Mbappé déi éischt nennenswäert Chance an der zweeter Hallschent verbuchen. No enger Flank vum Arnold ass de Fransous zum Ofschloss komm. Säi sate Schoss war allerdéngs ze zentral, soudatt den Neuer de Ball ofwiere konnt. Doropshin hu béid Formatiounen allerdéngs e Gang zréckgeschalt, fir hir Kräften ze spueren, soudatt Golchancen e bësse méi rar geseet waren. Béid Formatioune konnten awer nach Ofschlëss verbuchen, mä weder dem Valverde säi Schoss, nach dem Olise säi Schlenzer konnten hire Wee an de Gol fannen, soudatt et beim 3:2 bliwwen ass.

An der Schlussphas vun der zweeter Hallschent sinn d’Bayern du méi aktiv ginn, dëst virun allem duerch den Olise. Allerdéngs hunn dem jonke Fransous an der 75. Minutt bei sengem Kappball souwéi bei sengem Ofschloss an der 77. Minutt e puer Zentimeter zu sengem éischte Golerfolleg vum Dag gefeelt. Och dem Kane huet bei sengem Distanzschoss an der 85. Minutt déi néideg Reussite gefeelt, soudatt et beim Stand vun 3:2 bliwwen ass an alles op eng Verlängerung higedeit huet.

Allerdéngs hat de Luis Diaz eppes dogéint a konnt säi Veräin an der 89. Minutt virun der Verlängerung retten. De Musiala huet an der géignerescher Hallschent d’Iwwersiicht behalen an huet de Ball fir de Kolumbianer opgeluecht. Dësen huet net laang gezéckt an huet mat riets ofgezunn an de Ball flaach ënnen am rietsen Eck versenkt an dem Lunin am Gol vum Real dobäi keng Chance gelooss, fir un de Ball ze kommen. Doropshin huet de Real hannen opgemaach, wat de Bayern et nach erméiglecht huet, fir endgülteg den Deckel op de Match ze maachen. Um Enn war et den Olise, dee sech nach fir seng Méie belounen an de 4:3 markéiere konnt, soudatt d’Bayern um Enn an d’Halleffinallen anzéie kënnen.

FC Arsenal - Sporting Lissabon 0:0

De Resumé vum Match tëscht Arsenal a Sporting
No 90 Minutte gouf et kee Gewënner, mä opgrond vun der Victoire am Allersmatch zitt Arsenal an d’Halleffinallen an

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO