Russesch Loftattacken op d'UkrainOp d'mannst 16 Doudeger a méi wéi 100 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg gouf d'Ukrain vun enger Rei russesche Loftattacke getraff. Am Géigenzuch hu si déi russesch Regioun Krasnodar ugegraff.
Massiv russesch Dronen- a Rakéitenattacken op d'Ukrain
An der Nuecht op e Mëttwoch waren eng Rei ukrainesch Stied d’Zil vu russesche Loftattacken, bei deenen et 16 Doudesaffer a méi wéi 100 Blesséierter gouf

Bei massive Loftattacken op d’Ukrain sinn den Autoritéiten no an der Nuecht op en Donneschdeg op d’mannst 16 Leit ëm d’Liewe komm a méi wéi 100 blesséiert ginn. Ufanks war een nach vu 14 Doudesaffer ausgaangen. Siwe Leit wieren an der südlecher Hafestad Odessa bei Rakéiten- an Dronenattacken ëmkomm, wéi de Regionalgouverneur Serhij Lysak erkläert. Schonn e Mëttwoch den Owend war hei eng russesch Dron an en Appartementshaus ageschloen, woubäi ee Mënsch ëm d’Liewe koum.

Bei enger Rei Attacken op Kiew sinn op d’mannst véier Leit ëm d’Liewe komm, dorënner een 12 Joer ale Jugendlechen, wéi de Buergermeeschter Vitali Klitschko confirméiert huet. Donieft goufen op d’mannst 45 Blesséierter gemellt. D’Bevëlkerung ass opgeruff, weiderhin a Schutzraim ze bleiwen, well d’Stad op en Neits ugegraff géing ginn.

Journaliste vum Noriichteportal “The Kyiv Independent” hu vun haarden Explosioune geschwat, wéi Rakéiten d’Milliounestad getraff haten. Aus enger Rei Quartiere gouf gemellt, datt Wunnhaiser a Butteker getraff goufen, wéi de Militärverwalter vu Kiew, den Tymur Tkatschenko, op Telegram geschriwwen huet. Kiew no hätt Russland d’Ukrain mat 659 Dronen a 44 Rakéiten ugegraff.

Och an anere Regioune vum Land gouf de Loftalarm ausgeléist. Zu Dnipro, der véiertgréisster Stad an der Ukrain, koume bei enger russescher Rakéitenattack op d’mannst dräi Leit ëm d’Liewen, 27 weiderer goufe blesséiert, wéi de Gouverneur vun der Regioun Dnipropetrowsk, den Olexander Hanscha, op Telegram geschriwwen huet. Ënnert de Blesséierte wiere fënnef Leit a Liewensgefor. Eng Rei Haiser a Wunnquartiere solle gebrannt hunn. Scho virun e puer Deeg ware bei enger Rakéitenattack op d’Industriestad op d’mannst fënnef Leit ëmkomm.

Op d’mannst zwee Kanner a Russland gestuerwen

D’ukrainesch Militär sengersäits huet an der Nuecht mat Dronen d’Pëtrolsraffinerie Tuapse an der südrussescher Regioun Krasnodar ugegraff. Wéi “Kyiv Independent” matdeelt, hunn Awunner vun Tuapse Explosiounen an der Géigend gemellt. Dem Telegram-Kanal Exilenova-Plus no hunn Dronen Tanke vun der Raffinerie, déi zu Rosneft gehéiert an eng vun den zéng gréisste Raffinerien ass, getraff. Den oppositionelle russeschen Telegram-Noriichtekanal Astra mellt iwwerdeem, datt d’Anlag zu Tuapse a Flame stoung.

Dem Gouverneur vun der Regioun Krasnodar no sinn Ziviliste bei den Attacken ëm d’Liewe komm an et goufe Schied u Gebaier. Deemno war ee Wunngebai zu Tuapse getraff ginn, woubäi zwee Kanner am Alter vu fënnef a 14 Joer ëm d’Liewe koumen. Zwee Erwuessener goufe blesséiert. D’Hafestad Tuapse läit ronn 75 Kilometer nordwestlech vun der Groussstad Sotschi a gëtt reegelméisseg vun ukraineschen Dronen ugegraff.

Back to Top
CIM LOGO