
Bei engem Brand an engem Spidol zu Braunschweig ass eng Fra ëm d’Liewe komm. D’Feier wier e Méindeg den Owend an engem Patientenzëmmer ausgebrach, dat komplett a Flame stoung, wéi d’Pompjeeën ukoumen. D’Patientin konnt just nach dout gebuerge ginn.
Wéi d’Kriminalpolice Braunschweig matdeelt, hat d’Patientin wuel probéiert, wéi si am Bett louch, eng Zigarett unzemaachen, wärend si mat zousätzlechem Sauerstoff versuergt gouf. Déi Kombinatioun hätt dozou gefouert, datt d’Feier sech extreem séier ausgebreet hätt. Trotz der direkter Interventioun vum Fleege- a medezinesche Personal huet sech d’Feier net méi rechtzäiteg ënner Kontroll brénge gelooss.
Weider Blesséierter gouf et net. D’Fleegepersonal hat all aner Patiente vun der betraffener Statioun a Sécherheet bruecht.