Déi israeelesch Arméi huet en Dënschdeg am spéide Moien annoncéiert, datt een am Libanon eng “Pufferzon” etabléiere wéilt. Dës Zon soll d’Awunner am israeelesche Grenzgebitt virun “all Menace” schützen, heescht et vum Arméisspriecher Effie Defrin an enger Usprooch, déi op der israeelescher Tëlee iwwerdroe gouf. Wéi d’AFP aus libanesesche Sécherheetskreesser matgedeelt krut, waren dofir israeelesch Buedemtruppen an d’Grenzregioun am Südlibanon agedrongen. De Virstouss vun den Truppen um Buedem gouf et an de Regioune Kfar Kila a Khiam. Dat sot e libanesesche Vertrieder vun der Arméi der AFP, dee selwer anonym bleiwe wollt.
Virdrun hat déi israeelesch Arméi schonn hir Truppe laanscht d’Grenz zum Nopeschland am Norde verstäerkt an de Süde vum Libanon mat Loftattacke getraff. No Opfuerderung vum Verdeedegungsminister Israel Katz sollte weider “strategesch Stellungen am Libanon ënner Kontroll” bruecht ginn. Vum Effie Defrin huet et kuerz dono geheescht, den Nord-Kommando wier avancéiert an hätt d’Kontroll “wéi versprach” iwwerholl.
Als Reaktioun op dës “Eskalatioun” vun Israel huet de Libanon Zaldoten aus enger Rei Grenzstellungen ofgezunn, déi réischt viru Kuerzem opgestallt goufen. Sou gëtt et vun enger libanesescher Militärquell gemellt. Deemno wiere pro Stellung jeeweils aacht bis néng Zaldoten zréck zu hirer Base wéinst enger “Gefor fir hir Sécherheet” ofgezu ginn.
Nieft der Grenzregioun waren och Stellunge vun der Hisbollah am Süde vun der Haaptstad Beirut Zil vun israeeleschen Attacken.