Dausende Mënsche waarden nach ëmmer drop, aus Kabul evakuéiert ze ginn. An d’Zäit leeft. Vum 1. September u kéint et ganz komplizéiert ginn. Dofir war en Dënschdeg e spezielle G7-Sommet ugesat. D’Taliban hate jo gewarnt, dass nom 31. August keng Evakuéierungsflich méi dierfen aus Kabul duerchgefouert ginn. D’Taliban hate schonn am Viraus mat “Konsequenzen” gedreet, sollt de Militär-Asaz um Fluchhafe verlängert ginn.
No den Evakuéierunge misste jo och nach déi 5.800 US-Zaldoten, déi um Fluchhafen am Asaz sinn, mat hirem Material ausgeflu ginn. Den US-President Biden hält bis op Weideres um 31. August als Stéchdatum fest. Groussbritannien a weider Staaten hate sech virum Treffen als Zil gesat, d’Evakuéierungen ze verlängeren. Vum Angela Merkel heescht et, dass d’G7-Staate sech net iwwert Rapatriementer iwwert den 31. August eraus gëeenegt hätten.
International Organisatioune wéi zum Beispill Amnesty International fuerderen, dass d’Evakuatiounsflich esou laang weiderginn, bis all vulnerabel Mënschen a Sécherheet sinn. D’Taliban wieren op international Unerkennung an Zesummenaarbecht ugewisen, an déi Kart missten déi international Communautéiten elo ausspillen, esou d’Mënscherechtsorganisatioun. Um G7-Sommet géing ee sech och iwwerleeën, wéi d’Mënschen nom 31. August kënnen ausreesen, esou den däitschen Ausseminister Heiko Maas an engem Interview. Deen Ament missten Accorde mat den Taliban fonnt ginn.
Ënnert anerem Ingenieure sollen doru gehënnert ginn, d’Land ze verloossen. Nëmmen nach Auslänner dierften aus Kabul ausgeflu ginn.
Déi radikal-islamesch Taliban hunn d’US-Truppen opgefuerdert, bei hire Rettungsasätz keng weider afghanesch Experte méi aus dem Afghanistan ze bréngen. “Mir fuerdere si op, dëst ze stoppen”, sot de Porte-parole Sabihullah Mudschahid en Dënschdeg virun de Journalisten.
