
De Xi Jinping ass fir eng zwee Deeg laang Visitt an Nordkorea ukomm. Zesumme mat senger Fra Peng Liyuan ass de chineesesche President e Méindeg um Fluchhafe vu Pjöngjang vum nordkoreanesche Leader Kim Jong Un an deem senger Fra Ri Sol Ju empfaange ginn.
Et ass déi éischt Visitt an Nordkorea zanter 2019 an déi éischt chineesesch Auslandsrees an dësem Joer. Der chineesescher Säit no wier d'Rees op Invitatioun vum Kim zustane komm.
An engem Artikel, deen an der nordkoreanescher Zeitung "Rodong Sinmun" publizéiert ginn ass, schreift de Xi, datt "egal, wéi sech d'Zäiten änneren oder déi international Lag sech entwéckelt, géint déi traditionell Frëndschaft tëscht China an Nordkorea, déi ëmmer bestoe wäert bleiwen, wäert kee gewanne kënnen".
China ass de wichtegsten Handelspartner vun Nordkorea an ënnerstëtzt dat international gréisstendeels isoléiert Land diplomatesch, wirtschaftlech a politesch. Wéinst sengem Rakéiten- an Atomprogramm sinn eng ganz Partie Sanktioune verhaange gi géint Nordkorea. D'Land huet an de leschte Jore seng Relatioune mat Russland däitlech ausgebaut an huet Moskau am Krich géint d'Ukrain ënnerstëtzt.