Theoretesch sollten d'Gespréicher ufänkenGesi sech den Iran an d'USA nach dëse Weekend an der Schwäiz?

Kevin Kayser
Sascha Georges
Mam RTL-Korrespondent Philip Crowther schwätze mer iwwer d'Gespréicher tëscht den USA an dem Iran, déi dëse Freideg net wéi geplangt ugefaangen hunn.
Iran an USA gesi sech net an der Schwäiz: "Wéini fänken d'Gespréicher un?"
Mam RTL-Korrespondent Philip Crowther schwätze mer iwwer d'Gespréicher tëscht den USA an dem Iran, déi dëse Freideg net wéi geplangt ugefaangen hunn.

Theoreetesch muss den Accord tëscht den USA an dem Iran jo net méi ënnerschriwwe ginn, well dat scho geschitt ass. Awer war genee dëse Schratt awer e Freideg an der Schwäiz geplangt, well dëst och de Startschoss tëscht béide Länner sinn, fir nei Negociatiounen iwwer den iraneschen Nuklearprogramm ze féieren. "Dat ass elo de Problem, wéini déi Gespréicher ufänken", seet de Philip Crowther. "Vläicht nach dëse Weekend". Ma e genee Plang steet aktuell nach net fest.

Deeler vum Accord gi schonn ëmgesat

Deeler aus dem Kaderaccord tëscht béide Krichsparteie ginn da schonn ëmgesat. Esou ass aktuell eng Wafferou tëscht den USA an dem Iran a Kraaft an och Israel an d'Hisbollah hunn eng ënnerschriwwen. An och ass d'Strooss vun Hormus, déi den Iran am Februar zougemaach hat, nees fir d'Schëffer op. "Do ass net de kompletten Trafic den Ament, mä mir gesi schonn, datt relativ vill Tanker de Wee aus dem Persesche Golf fannen."

Nei ass dann och, datt den Iran nees Pëtrol dierf exportéieren an d'USA hunn hir Sanktioune géint den Iran fir 60 Deeg opgehuewen. "Déi nächst 60 Deeg si besonnesch wichteg. Do sollen all déi Detailer nach eng Kéier diskutéiert ginn", esou de Philip Crowther. An där Zäit soll et dann och zum Accord iwwer den iraneschen Atomprogramm kommen. Deen Zäitplang "ass ganz ganz ambitiéis". An trotzdeem gesäit een, datt sech béid Parteien emol net direkt amUfank vun dëser Zäitspan zesummen un een Dësch setzen.

Experte gesinn Iran als "Gewënner" vum Accord

Beim aktuellen Accord wier den Iran villen Experten no gutt ewechkommen. Doduerch, datt si elo Pëtrol nees weltwäit verkafe kënnen, ka vill Geld an déi iranesch Staatskeess erakommen. Fir de Rescht gläicht den Accord e bëssen der Situatioun, déi et virum Krich gouf.

Dowéinst stelle vill Leit a grad och an den USA d'Fro, ob dëse Krich et derwäert war, fir dono mat esou engem Ofkommes erauszegoen. Well de Krich huet net just béid Parteie getraff, mä hat och Auswierkungen op déi ganz Golfregioun an op déi komplett Weltwirtschaft. An elo mat dësem Ofkommes si mer "eigentlech zréck bei de Startpunkt vu virun dësem Krich", esou nach de Philip Crowther.

Gespréicher tëscht USA an Iran goufe kuerzfristeg verréckelt
U sech sollte béid Krichsparteie sech vun haut un zu Luzern gesinn, fir iwwer de feste Friddensaccord ze verhandelen.

Back to Top
CIM LOGO