
Den US-President Trump an déi italieenesch Regierungscheffin Meloni schéngen definitiv keng Frënn méi ze ginn. Den Donald Trump huet nom G7-Treffen franséischen Evian behaapt, d'Georgia Meloni hätt hien carrement ugebiedelt fir eng Foto zesummen ze maachen. Dat huet huet den US-President dem italieenesche Sender La7 an engem Telefonsinterview gesot.
Eng Ausso déi déi italieenesch Premierministesch formell dementéiert. Si seet sech schockéiert a seet, dass dëst "fräi erfonnt" wier. Den italieeneschen Ausseminister Antonio Tajani huet seng geplangten US-Visitt den 21. an 22. Juni aus Protest ofgesot. Hie fënnt, dass dës Aussoen "ganz Italien beleidegt" hätten, betount hien.
Weider soll den Trump iwwer Telefon behaapt hunn, hien hätt zougestëmmt, eng Foto mam Meloni ze maachen, well hie "Matleed" mat hier hätt. Si kéint sech "glécklech schätzen", dass hie sech mat hir ënnerhalen huet. "Ech hunn net missen mat hir schwätzen", seet hie weider.
"Ech an Italien biedelen ni", huet déi italieenesch Regierungscheffin Meloni op X geschriwwen. "Ech weess net, wisou de President vun den USA sech esou géigeniwwer sengen eegenen Alliéierte verhält, et ass schliisslech net déi éischte Kéier, dass sou eppes passéiert", erkläert si weider.
Io e l’Italia non imploriamo mai. pic.twitter.com/sTpKlqWB67
— Giorgia Meloni (@GiorgiaMeloni) June 19, 2026
Ënner anerem huet den Trump dem Meloni virgehäit, Washington am Stach gelooss ze hunn. Déi italieenesch Regierung huet der US-Arméi Attacken op den Iran vun engem Stëtzpunkt an Italien aus verbueden.