Noen OstenIsrael an Hisbollah hu sech op Waffestëllstand gëeenegt

RTL mat AFP
Vermëttler aus den USA a Qatar hunn den Accord, zesumme mam Iran, a Gespréicher mat Israel ausgeschafft.
Israel an d'Hisbollah loossen d'Waffe rouen
Israel an d'Hisbollah loossen d'Waffe rouen
© MAHMOUD ZAYYAT/AFP

Israel an déi vum Iran ënnerstëtzten Hisbollah-Miliz am Libanon hu sech op e Waffestëllstand gëeenegt. D'Wafferou wier zanter 15 Auer eiser Zäit a Kraaft, heescht et vun US-amerikanesche Regierungsvertrieder. Vermëttler aus den USA a Qatar hunn den Accord zesumme mam Iran an Israel ausgeschafft. En Diplomat vum Golfstaat huet de Waffestëllstand confirméiert. Virdrun haten nach géigesäiteg Ugrëffer tëscht Israel an der Hisbollah am Libanon d'Ënnerschrëft vum Kader-Ofkommes tëscht den USA an dem Iran iwwert en Enn vum Iran-Krich a Gefor bruecht.

Virdrun hat et vun der Miliz geheescht, den Iran hätt d'Weiderféiere vun de Gespréicher mat den USA un d'Ëmsetzung vun enger ëmfaassender Wafferou geknäppt. Ausserdeem war et d'Opfuerderung gewiescht, direkt Verhandlunge mam Tel Aviv ze refuséieren, soulaang wéi Israel weider Ziler am Libanon attackéiert. Washington géif d'Verantwortung droen, datt Israel mat sengen Attacken ophält.

Back to Top
CIM LOGO