Dräi Persoune gestuerwenUS-Attack op presuméiert Schmuggler-Boot am Ost-Pazifik

AFP, iwwersat vun RTL
Et war déi zweet US-Attack vun dëser Zort fir dës Woch. Schonn en Dënschdeg ass eng Persoun bei engem Ugrëff op e Schëff ëm d'Liewe komm.
Eng Opnam vun enger US-Attack op e presuméiert Schmuggler-Schëff vum Abrëll 2026
Eng Opnam vun enger US-Attack op e presuméiert Schmuggler-Schëff vum Abrëll 2026
© HANDOUT/AFP/US SOUTHERN COMMAND

Bei enger US-Attack op e Boot vu presuméierten Drogeschmuggler am Ost-Pazifik sinn en Donneschdeg dräi Persounen ëm d'Liewe komm.

Wéi et vum "US Southern Command" op X heescht, wier d'Boot op enger bekannter Schmuggler-Route ënnerwee gewiescht an et hätt een Informatiounen driwwer gehat, dass et an den Drogeschmuggel involvéiert gewiescht wier.

Et war déi zweet US-Attack vun dëser Zort fir dës Woch. Schonn en Dënschdeg ass eng Persoun bei engem Ugrëff op e Schëff ëm d'Liewe komm. Och hei ass vun den US-Autoritéiten de Virworf vum Drogeschmuggel erhuewe ginn.

Béid Attacke sinn am Kader vun der Operatioun "Southern Spear" geschitt, déi den US-President Donald Trump ugangs September zejoert lancéiert huet. Deemools sot hien, dass d'USA sech de facto géingen an engem Krich mat den Drogekarteller befannen. Zanterdeem wieren, Zuele vun der Noriichtenagence AFP no, iwwer 200 Leit bei US-Attacken op Schëffer an der Karibik an am pazifeschen Ozean ëm d'Liewe komm. D'Trump-Administratioun huet bis ewell keng definitiv Beweiser dofir virgeluecht, dass d'Schëffer, op déi geschoss gouf, an den internationalen Drogeschmuggel verwéckelt waren.

Juristen a Mënscherechtsgruppen no kéint et sech bei den Attacken esouguer ëm Exekutiounen ouni Geriichtsurteel handelen, well se sech géint Ziviliste riichten, déi keng direkt Menace fir d'USA wieren.

Back to Top
CIM LOGO