
D’Police zu Essex huet en Dënschdeg erkläert, si géifen Informatiounen iwwerpréiwen, déi “no der Verëffentlechung vun den Epstein-Akte vum US-Justizministère am Zesummenhang mat Privatflich vun an op de Flughafe Stansted opgedaucht sinn.” De fréiere brittesche Prënz Andrew, deen an der Affär massiv ënner Drock steet, gëtt net erwäänt.
D’Police muss elo iwwerpréiwen, ob si offiziell Ermëttlungen an d’Weeër leeden. D’Chaîne BBC hat schonn am Dezember gemellt, datt tëscht de fréien 90er Joren an 2018 iwwer 90 Maschinnen a Verbindung mam Epstein vu brittesche Fluchhafe gestart oder gelant sinn. U Bord vun enger Rei Maschinne sollen deemno och brittesch Mëssbrauchsaffer vum US-Finanzberoder gewiescht sinn.
Ënnert anerem de fréiere brittesche Premier Gordon Brown huet doropshi gefuerdert, d’Police sollt méiglech Verbindungen tëscht dem Andrew Mountbatten-Windsor an Dosende Flich ënnersichen, déi Joerzéngten hier sinn a mam Epstein zesummenhänken.
De Gordon Brown, dee vun 2007 bis 2010 Premierminister war, huet an der leschter Woch am Magazin “New Statesman” geschriwwen, him wier “privat matgedeelt” ginn, datt bei den Ermëttlungen “am Zesummenhang mam fréiere Prënz Andrew wichteg Hiweiser zu Flich net uerdnungsgemäss iwwerpréift” gi wieren. En hätt d’Police drëm gebieden, “dat am Kader vun den neien Ermëttlungen ze iwwerpréiwen.” Wéi et schéngt hätten déi brittesch Autoritéite bis ewell “keng oder guer keng Anung, wien duerch eist Land geschleist gouf a fir wien, ausser fir den Epstein.”
De Kinnek Charles III. hat sengem Brudder Andrew wéinst dem Epstein-Skandal schonn Enn lescht Joer all Titel an Éieren entzunn, nodeems no hirem Suicide posthum d’Mémoirë vum Epstein-Affer Virginia Giuffre publizéiert gi waren. D’Guiffre hat doran op en Neits Detailer iwwer hire Virworf genannt, den deemolege Prënz Andrew hätt Sex mat hir gehat, wou si eréischt 17 Joer al war. De fréiere Prënz weist all Feelverhalen am Zesummenhang mam Epstein zeréck.
An den Dokumenter, déi Enn lescht Joer vum US-Justizministère zum Fall Epstein publizéiert gi waren, hat iwwerdeems ee weidert Mëssbrauchsaffer de Virworf gemaach, 2010 vum Epstein a Groussbritannien geschéckt ginn ze sinn, fir do mam Andrew an der Royal Lodge Sex ze hunn.
D’Police an der Grofschaft Surrey huet d’Ëffentlechkeet iwwerdeems ëm Hëllef gebieden an engem méigleche Fall vu sexuellem Mëssbrauch vun enger Mannerjäreger an den 90er Joren am Kader vun den Epstein-Dokumenter. An engem Epstein-Dokument goufe Virwërf vu Mënscheschmuggel a sexuellem Mëssbrauch vun enger Mineur tëscht 1994 an 1996 am Duerf Virginia Water erhuewen, esou d’Police e Mëttwoch. An den Datebanke vun der Police wier keen Hiweis drop fonnt, datt de Fall deemools gemellt gi wier. Wien Informatiounen huet, soll sech bei der Police mellen.
De bis an déi héchste Kreesser vu Politik a Wirtschaft vernetzten Epstein soll méi wéi Dausend mannerjäreg Meedercher a jonk Frae mëssbraucht hunn. Deelweis soll hien Affer u Prominenter weidergereecht hunn. Hie gouf 2008 fir d’éischte Kéier wéinst dem Mëssbrauch vun enger Mannerjäreger verurteelt. Wéinst dem ëmstriddenen Deal mam Parquet krut hien deemools just 18 Méint Prisong. Nodeems hien op en Neits wéinst dem Verdacht op sexuelle Mëssbrauch vun enger Mineure festgeholl gouf, gouf den Epstein am August 2019 erhaangen a senger Prisongszell zu New York fonnt. Offiziellen Informatiounen no hat hie sech d’Liewe geholl.
Neie Revelatioune vun der Zeitung “Financial Times” no sollen d’E-Mailen ausserdeem weisen, datt den Andrew wärend engem offizielle Besuch a China bei engem aacht Milliarden Dollar schwéieren Deal vu “Sue géint Pëtrol” tëscht engem chineesesche Staatsfong an den Uféierer vun de Vereenegten Arabeschen Emirater vermëttelt hat. Dem Bericht no hu sech den Andrew an ee Bänker, mat deem hien enk zesummegeschafft huet, an enge sëllegen Noriichte mam Epstein iwwert de Plang ausgetauscht. De schrëftlechen Austausch hätt deemno ugefaangen, wärend de Sexualverbriecher am Kader vu senger Verurteelung am Joer 2008 nach ënner Hausarrest war.