UngarnPro-europäesche Premier Peter Magyar vereedegt

RTL mat AFP
Den neien ungaresche Regierungschef wëll virun allem d'Relatiounen zur EU verbesseren, déi ënnert dem Viktor Orban elle gelidden haten.
© ATTILA KISBENEDEK/AFP

De Peter Magyar ass als neie Premier vun Ungarn vereedegt ginn. Ganz uewen op senger Agenda steet eng Verbesserung vun de Relatiounen zur Europäescher Unioun. Donieft hat hien am Walkampf versprach, géint Korruptioun virzegoen an ëffentlech Servicer, genee sou wéi Déngschtleeschtung um Secteur vun der Santé ze verbesseren. Dem Magyar seng konservativ Tisza-Partei huet eng Zweedrëttelmajoritéit.

Domat ginn e Samschdeg 16 Joer ënnert dem Viktor Orban op en Enn. Vill Wieler hunn d‘Hoffnung, datt de Peter Magyar erëm wäert dofir suergen, datt an Ungarn de Rechtsstaat respektéiert gëtt an datt och d‘Relatioune mat den EU-Partner erëm verbessert ginn. Enn Abrëll war den neie Regierungschef schonn op Bréissel gefuer, fir agefrueren EU-Gelder fir säi Land zréckzekréien. Bréissel hat wéinst Verstéiss ënnert dem Orban géint d'Rechter vun der LGBTQ-Zeen an Agrëffer an d'Onofhängegkeet vu Geriichter Gelder a Milliardenhéicht zréckbehalen.

Fir un déi Gelder ze kommen, brauch et elo Reformen zu Budapest. Ausserdeem erhofft sech d'EU, datt Ungarn Moossnamen zur Ënnerstëtzung vun der Ukrain wäert supportéieren, amplaz se, sou wéi ënnert dem Orban, ze blockéieren.

Back to Top
CIM LOGO