Parad zu MoskauPutin vergläicht Kampf géint Ukrain mat Krich géint Nazi-Däitschland

RTL mat AFP
Bei der Commemoratiounsfeier fir un d'Enn vum Zweete Weltkrich z'erënneren, huet de russesche President vun engem "aggressive" Géigner geschwat, dee vun der ganzer Nato géing ënnerstëtzt ginn.
D'Parad op der Rouder Plaz war déi Kéier manner grouss opgezunn
D'Parad op der Rouder Plaz war déi Kéier manner grouss opgezunn
© IGOR IVANKO/AFP

Wärend der dräi Deeg laanger Wafferou, déi op Bedreiwe vum US-President Donald Trump zustane komm ass, huet Russland zu Moskau un d'Enn vum Zweete Weltkrich an d'Victoire iwwer Nazi-Däitschland erënnert. Déi Kéier war, fir déi éischte Kéier zanter 20 Joer, kee Krichsmaterial wéi Panzeren oder Rakéiten opgefuer ginn.

A senger Ried virun e puer honnert Zaldote sot de Wladimir Putin, déi Rout Arméi hätt eng grouss Leeschtung erbruecht am Zweete Weltkrich a wier domat eng Inspiratioun fir d'Militär vun haut. Hie wier déif iwwerzeegt, dat hir Saach "gerecht" wier, sou de russesche President weider. Donieft huet de Putin de Kampf géint d'Ukrain mam Krich géint Nazi-Däitschland verglach. Den haitege Géigner wier "aggressiv" a géif vun der "gesamter Nato" ënnerstëtzt ginn.

Un der Parad, déi ënner strenge Sécherheetsmesuren ofgehale ginn ass, huet och de Verdeedegungsminister Andrej Beloussow deelgeholl, deen ënnert anerem och nordkoreaneschen Zaldote fir hiren Asaz an der Ukrain Merci gesot. No 45 Minutte war d'Parad eriwwer. Reporter vun der AFP soten, datt am Zentrum vun der russescher Haaptstad de mobillen Internet net funktionéiert hätt an datt déi meeschte Stroosse wéi ausgestuerwe waren.

Och d'Zuel vun den internationale Gäscht huet sech a Grenze gehalen. Nëmmen d'Staatscheffen aus Belarus, Usbekistan, Kasachstan, Laos a Malaysia waren op Moskau gereest. Virun der Parad hat de Wladimir Putin de slowakesche Regierungschef Robert Fico empfaangen.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO